Schaarf Verurteelung also vu Bréissel vun der forcéierter Festname vum Regimmkritiker aus Belarus. Vum Betraffenen selwer, dem jonke Blogger Roman Protasewitsch, feelt all Spuer.
D’Boeing vun der irescher Gesellschaft Ryanair war vun Athen a Griicheland gestart a sollt Vilnius a Litauen ufléien – et war deemno en EU-interne Vol. Iwwert dem Loftraum vu Belarus gouf de Kapitän ënnert dem falsche Pretext vun engem Bommenalarm gedoen erofzegoen an an der Haaptstad Minsk ze landen, vun deem Ament un eskortéiert vun enger MIG-29. Déi wäissrussesch Autoritéiten haten et op de 26-Joer jonke Journalist a Blogger Roman Protasewitsch ofgesinn. Den Dissident hat d’Masseprotester d’lescht Joer géint den Diktator Alexander Lukashenko organiséiert a gouf nach um Flughafen zu Minsk festgeholl, zesumme mat senger russescher Frëndin. Hie riskéiert a Wäissrussland d’Doudesstrof. Och e puer Agente vum wäissrussesche Geheimdéngscht KGB wieren zu Minsk erausgeklommen. Fir de Rescht vun de Passagéier goung duerno d’Rees weider a Litauen.
De Michael O’Leary, de CEO vu Ryanair: “Et war staatlech gesponserte Kidnapping, staatlech gesponsert Piraterie, mee leider dierf ech net vill dozou soen, well d’EU an d’NATO den Ament domat befaasst sinn. Mir debriefen d’Equipagen. Si hunn eng phenomenal Aarbecht geleescht, fir de Fliger an d’Passagéier no 6 Stonne vu Minsk fort ze kréien.”
Déi litauesch Premierministesch Ingrida Simonyte schwätzt vu Staatsterrorismus a seet, sech duerfir anzesetzen, dass de Loftraum iwwert Wäissrussland soll zougemaach ginn. Nach haut awer ass eng Ryanair vu Paphos op Zypern mam Zil Tallinn an Estland iwwert Wäissrussland geflunn. Den US-Ausseministère seet sech schockéiert iwwert d’Aktioun – u Bord waren och US-amerikanesch Staatsbierger. Kaum iwwerraschend awer steet Russland hannert sengem Vasallestaat Belarus mam Argument Minsk hätt Recht déi adequat Methoden ze wiele fir der Gefor vu senger nationaler Sécherheet entgéint ze wierken. De russeschen Ausseminister Sergej Lavrov werft dem Westen Hypokrisie vir: 2013 hat de CIA e Vol vu Moskau an Direktioun Südamerika op Wien an Éisträich deviéiert, well Washington gemengt hat u Bord wier de Whistleblower Edward Snowden.