
Op enger Versammlung en Donneschdeg hu Studente a Membere vum Personal den Ëmgank vun der Uni mat der Affär kritiséiert.
Eng jonk Fra, déi anonym als "Jane Doe" optrëtt, huet de 16. September eng Plainte géint d'Universitéit agereecht. Si behaapt, si wier 2024 an engem Studentenhaus ënner Drogenafloss vergewaltegt ginn. Si werft Cornell vir, si net genuch geschützt an d'Bedeelegt net adequat sanktionéiert ze hunn.
Siwe Männer stinn am Zentrum vun de Virwërf.
D'Universitéit seet, eng intern Enquête iwwer e puer Méint gemaach ze hunn. Et gëtt betount, datt Sanktioune wéi Suspendéierunge verhänkt goufen, aus juristesche Grënn ginn awer keng Detailer genannt.
Och déi kriminell Enquête gouf nei opgerullt. D'Gouverneurin vu New York Kathy Hochul huet eng speziell Procureure agesat. Si iwwerhëlt de Fall vum Tompkins County District Attorney.
Op der Uni fuerdere Studente méi Transparenz a Reformen. Ënnert anerem solle Verantwortlecher ausgeschloss ginn, d'Reegele bei sexuellen Iwwergrëffer geännert an eng extern Enquête iwwer den Ëmgank vun der Uni mam Fall duerchgefouert ginn.
Fir de 5. Oktober ass eng weider Protestaktioun geplangt.