"Mir konsuméiere vill ze vill"Tobias Lung (EEA) iwwer den neien Ëmweltrapport an d'Konsequenze fir Europa

Tim Morizet
D'europäesch Ëmweltagence zitt en alarmante Bilan: De Gesamtzoustand vun der Ëmwelt an Europa ass schlecht, trotz Progrès bei Klimaschutz a Loftqualitéit.
Tobias Lung (EEA) iwwer den neien Ëmweltrapport an d'Konsequenze fir Europa
D’europäesch Ëmweltagence zitt en alarmante Bilan: De Gesamtzoustand vun der Ëmwelt an Europa ass schlecht, trotz Progrès bei Klimaschutz a Loftqualitéit.

Den neien europäeschen Ëmweltrapport schléit Alarm. Den neiste Bilan vun der EU-Ëmweltagence vun dëser Woch weist, datt sech de Gesamtzoustand vun der Ëmwelt an Europa déi lescht Joren dramatesch verschlechtert huet. Dat bestätegt den Tobias Lung, Ëmweltexpert bei der Europäescher Ëmweltagence (EEA), am RTL-Gespréich.

Am Mëttelpunkt stinn d’Biodiversitéit an d’Ökosystemer: “Ronn 80 Prozent vun den Habitater an Europa sinn a kengem gudden oder esouguer an engem schlechten ekologeschen Zoustand.” D’Biedem wieren europawäit an engem “schwaachen Zoustand”, d’Séisswaasser a maritim Ökosystemer géifen ënnert der Verschmotzung leiden an dat Ganzt géif weider duerch d’Konsequenze vum Klimawandel verstäerkt ginn.

D’Ursaache sinn dem EU-Rapport no multifaktoriell: Pollutioun aus der Agrikultur, Iwwerbelaaschtung vun eise natierleche Ressourcen, invasiv Aarten an, eng Etapp méi déif, d’Aart a Weis wéi den Europäer produzéiert a konsuméiert. “De Consomatiounsniveau ass an Europa onnohalteg héich, vill ze héich.” Am Duerchschnëtt konsuméiert den Europäer 14 Tonne Material pro Joer op de Kapp, weltwäit gehéiere mir zu de Spëtzereider. Géing dëse Liewensstil global iwwerholl ginn, kéint de Rohstoff-Ofbau an den nächste Joerzéngten ëm 60 Prozent an d’Luucht goen, mat “katastrophale Konsequenze” fir Klima an Natur.

Südeuropa am meeschte betraff – Zentraleuropa zitt no

D’Regiounen an d’Effekter op der Plaz ënnerscheede sech kloer. Südeuropa ass en Hotspot vun de Suitte vum Klimawandel, vu grave Bëschbränn bis Waassermanktem. A Mëtteleuropa spillt d’Dréchent mat kränkleche Bëscher an engem intensive Borkekäfer-Befall eng grouss Roll. D’Konsequenz: Grouss Flächen u Kuelestoff-Speicherkapazitéit gi verluer, e weideren negative Feedback am Kampf géint de Klimawandel. Am Norden ass d’Ostsee an engem ganz schlechten ekologeschen Zoustand. Den Närstoff-Afloss aus der Landwirtschaft féiert zu sougenannten “Dead Zones” ouni Fësch-Liewen.

Liichtblécker bei Feinstëbs an CO2-Emissiounen

Am trotzdeem ginn et Liichtblécker: “Déi positiv Tendenze weisen, datt ambitiéis Politik wierkt”, seet den Tobias Lung. D’Feinstëbsmortalitéit ass däitlech gefall an d’CO2-Emissioune sinn zanter 1990 markant – ëm 37 Prozent – erofgaangen. Och déi erneierbar Energien hunn zougeluecht. D’Aarbechtsplazen a grénge Secteure wuesse séier, besonnesch an der Energie-Technologie a Waasser-Techniken.

Besonnesch lues viru geet et bei Verännerungen, déi den Alldag vum Mënsch concernéieren. Besonnesch beim Iessen a virun allem bei der Mobilitéit. Zanter 2005 sinn d’Verkéiersemissiounen ëm 6 Prozent gefall. Generell gouf den Effizienz-Gewënn vun neie Gefierer mat méi Leeschtung op de Stroossen ausbalancéiert. D’E-Mobilitéit wier däitlech méi “gréng” ewéi de Verbrenner, ma de Besoin u Rostoffer wier héich bliwwen, esou den Expert vun der europäescher Ëmweltagence. Dofir bréicht et méi déifgräifend Modeller an der Mobilitéit: deelen amplaz besëtzen, kombinéiert mat enger staarker politescher Ënnerstëtzung, zum Beispill mat fiskalen Incitatiounen.

Ekonomesche Verloscht duerch Ëmweltschied a Klima schonn ze spieren

Besonnesch däitlech ass och dat finanziellt Ausmooss vun de Klimaschied. Tëscht 2020 an 2023 louch den ekonomesche Verloscht duerch extreem Wiederkonditiounen zweeanenhalleft mol méi méich ewéi am Joerzéngt virdrun. D’Iwwerschwemmungen a Slowenien 2023 eleng hunn e Schued an Héicht vu 16 Prozent vum nationale PIB hannerlooss. An och Dréchent bréngt wieder Inflatioun an de Supermarché. D’Landwirtschaft konsuméiert – generell - ëm 60 Prozent vum Waasser – och zentraleuropäesch Länner mat enger intensiver Agrarproduktioun (z. B. d’Belsch an Dänemark) spieren d’Waasser-Limitatiounen. D’Konsequenz sinn ënner anerem grouss Präisschwankunge beim fäerdege Produit.
Wat muss/kann d’Politik maachen?

“Ëmsetzen, wat um Pabeier steet”, seet den Tobias Lung. D’EU hätt an de leschte Jore vill ambitiéis Ziler verankert, elo geet et ëm d’Ëmsetzung, ënnerstëtzt duerch Investitiounen. Den Ecart ass grouss: geschat bräicht Europa ronn 4 Prozent vum EU-PIB pro Joer, also ëm 750 Milliarden Euro d’Joer fir Dekarboniséierung, Renaturéierungen an d’Pollutioun ze reduzéieren. D’Prioritéit misst sinn, esou d’EEA, d’Fossil-Subsiden ofzebauen. An hei spillt och Lëtzebuerg eng Roll, sou gëtt de Grand-Duché nees méi Suen aus fir Fossil-Energien ze ënnerstëtzen, dat am Kader vu sëllege Fongen an Investitiounen. “Dräi vu véier Betriber an Europa hänken direkt vun der Natur of an domat och de Finanz- an Assurancësecteur”, warnt den Tobias Lung. Seng Conclusioun: manner, besser, méi gerecht consomméieren.

Back to Top
CIM LOGO