Krich am Noen OstenSuergen ëm de Pëtrol an ëm de Modschtaba Chamenei

Marlène Clement
Knapp zwou Wochen nom Ufank vum Krich am Iran bleift d’Situatioun am Noen Osten, an och um Energiemarché, ganz ugespaant.
De Krich am Iran dauert scho bal zwou Wochen
De Krich am Iran dauert scho bal zwou Wochen
© HENRY NICHOLLS/AFP

D’Pëtrolspräisser si weider liicht um Klammen a beweege sech um héchsten Niveau zanter véier Joer. Den Iran huet mat sengem Afloss op déi global Pëtrolsversuergung e groussen Tromp an der Hand. Déi iranesch Revolutiounsgardë soe sech bereet, sämtlech Pëtrols- a Gasfelder an der Golfregioun a Brand ze setzen. Um Blockage vun der Strooss vun Hormus am Persesche Golf géif ee festhalen.

An enger Reaktioun hunn d’USA en Donneschdeg provisoresch de Verkaf vu russeschem Pëtrol nees erlaabt. Wärend 30 Deeg däerf dee verkaaft ginn, dee schonn op de Schëffer ass. Schaarf Kritik dorunner kënnt ënnert anerem vum Bundeskanzler Friedrich Merz. Elo Sanktiounen ze lackeren, wier falsch.

Weider Ugrëffer a méiglech Blessur vum Chamenei

Vun Teheran ginn e Freideg de Moien iwwerdeems erëm Explosioune gemellt. Israel huet Ziler zu Teheran an am Libanon ugegraff. An de Golfstaate ginn nees iranesch Attacke gemellt. D’NATO hätt donieft nees eng iranesch Rakéitenattack am tierkesche Loftraum ofgewiert.

Vill spekuléiert gëtt am Moment iwwerdeems, wéi schwéier den neie geeschtleche Leader am Iran Modschtaba Chamenei bei den US-israeeleschen Attacke blesséiert ginn ass, bei deenen och säi Virgänger a Papp Ali Chamenei ëmkomm ass. Den US-Verdeedegungsminister Pete Hegseth sot virun der Press, de Modschtaba Chamenei wier warscheinlech entstallt, wat och géing erklären, firwat hie seng éischt Usproch en Donneschdeg op der staatlecher Tëlee net selwer gehalen huet, mee se just virgelies gouf. Beweiser dofir ginn et awer aktuell keng.

Back to Top
CIM LOGO