
Den FBI-Chef Kash Patel huet en Donneschdeg via X matgedeelt, datt seng Leit dem Verdacht vun “Terrorismus” noginn. En arméierte Mann, deen dem FBI no eng Vergaangenheet mat der Dschihadistemiliz Islamesche Staat huet, huet en Donneschdeg de Moien an der Old Dominion University zu Norfolk am US-Bundesstaat Virginia e Mënsch ëmbruecht an zwou weider Persoune blesséiert. Den Ugräifer ass bei der Attack ëm d’Liewe komm.
Den FBI-Chef huet gesot, datt den Ugräifer wéinst “enger Grupp vu couragéierte Schüler gestoppt konnt ginn, déi agegraff an hien iwwerwältegt hunn”. Dat hätt “ouni Zweiwel Liewe gerett”. Och huet hien dat séiert Agräife vun der Police gelueft.
Eng Vertriederin vum FBI sot méi spéit op enger Pressekonferenz, datt den Ugräifer vu Schüler aus der Héichschoul “iwwerwältegt an ëmbruecht” gouf. “Ech weess net, wéi ech et anescht soe soll, awer et ass hinne gelongen, d’Menace auszeschalten”, esou d’Dominique Evans. Den Ugräifer wier net erschoss ginn, huet si präziséiert.
Dem FBI no handelt et sech beim presuméierten Attentäter ëm de Mohammed Bailor J., dee bis 2024 am Prisong souz. De Mann hat 2016, nodeem hie festgeholl gi war, ausgesot, datt hien den IS ënnerstëtzt huet. Der Evans no hätt den Täter bei senger Dot kee Wuert iwwer den Iran gesot.
Dofir hätt hien awer “Allahu Akbar” geruff. Zil wier et wuel gewiescht, eng änlech Attack, wéi déi 2009 zu Fort Hood am US-Bundesstaat Texas duerchzeféieren. Deemools waren zwielef Zaldoten an een Zivilist ëm d’Liewe komm. Weider 30 Zaldote ware blesséiert ginn. Den Täter deemools, den Arméispsychiater Nidal Hasan, hat op seng Komerode geschoss, well dës am Afghanistan Krich géint Mosleme gefouert haten.
Déi dräi Persounen, déi vum Täter ugeschoss gi sinn, waren an der Héichschoul ageschriwwe fir e Programm, bei deem Offizéier ausgebilt ginn. D’Evans huet awer net matgedeelt, ob d’Héichschoul dowéinst d’Zil vum Täter war.