
D'Regierung soll d'Entwécklung vun der KI ënnerstëtzen an iwwerwaachen, ouni d'Wuesstem vun der Industrie ze bremsen. Gläichzäiteg soll géint Mëssbrauch virgaange ginn, notamment mat Hëllef vum bestehende Strof- an Zivilrecht.
Konkreten Detailer zur "AI Force" huet den Trump nach net genannt.
D'Ukënnegung kënnt no enger Rei Hacking-Virfäll am Zesummenhang mat KI-Software. Firmen ewéi Anthropic an OpenAI haten doropshin virun de Risike gewarnt an eng méi virsiichteg Entwécklung gefuerdert - Entwécklung, déi si selwer an der Hand hunn.