"Wow, dat gefält mer"Trump wëll US-Bundesstaat New Mexico an "New America" ëmbenennen

RTL mat AFP
D'lescht Woch war et de "Lake America" amplaz de "Lake Ontario" un der Grenz mat Kanada. Elo huet den Donald Trump deen nächste Wonsch fir een neien Numm geäussert.
US-Präsident Donald Trump hat ein neues Ziel für eine Umbennenung nach seinem Gusto ausgemacht: Seiner Ansicht nach sollte der US-Bundesstaat New Mexico künftig "New America" heißen. Die Gouverneurin von New Mexico lehnte das Ansinnen vehement ab.
Den US-President Donald Trump wëll New Mexico an "New America" ëmbenennen.
© AFP/Archiv

Den US-President Donald Trump huet en neit Zil fir eng Ëmbenennung ausgemaach: Senger Usiicht no soll den US-Bundesstaat New Mexico an Zukunft "New America" heeschen. Vill Leit hätten dat proposéiert, huet den Trump e Sonndeg op sengem Onlinedéngscht Truth Social geschriwwen. Dat wier "sou vill méi renomméiert a méi schéi fir d'Leit an deem potenziell onfaassbare Staat. Wow, dat gefält mer", huet e weider geschriwwen an huet dobäi direkt dräi Ausruffzeechen hannendru gesat. D'Gouverneurin vun New Mexico huet dës Wonschvirstellung vum Trump awer direkt ofgeleent.

Den Trump hat réischt virun e puer Deeg fir Opmierksamkeet gesuergt, wéi hien am Handelssträit mat Kanada den Ontarioséi un der Grenz zu Kanada per Dekreet zum "Lake America" gemaach huet. Eng vu sengen éischten Amtshandlungen am Ufank vu senger zweeter Amtszäit als President war et d'lescht Joer, de Golf vu Mexiko an de Golf vun Amerika ëmzebenennen.

An der leschter Woch hat hien donieft proposéiert, déi am Iran-Krich ëmstridde Strooss vun Hormus am Persesche Golf kéint an Zukunft "Strooss vum Trump" heeschen. Kuerz drop huet hien awer vun enger net eescht gemengter Propos geschwat.

Par rapport zum Bundesstaat New Mexico huet dat Wäisst Haus awer schonn ee Bild publizéiert, op deem den Numm deels duerchgestrach an duerch "America" ersat gouf. US-Medieberichter no war d'Propos ufanks e Geck, deen am Internet verbreet gi war.

Déi demokratesch Gouverneurin vum Bundesstaat am Südweste vun den USA Michelle Lujan Grisham huet um Sender Fox News gesot, den Numm géing net zur Debatt stoen. "E gehéiert schonn zu eis, éier et d'Vereente Staate gouf", huet si betount. Den Trump wéilt d'Mënschen nëmme virun Theeme wéi de steigende Bensinnspräisser oflenken.

Back to Top
CIM LOGO