
En MMA-Event organiséiert vun der weltwäit gréisster Kampfsport-Promotioun UFC an der Wiss virum Wäissen Haus steet um Programm. Do, wou dem Trump seng Amtsvirgänger Picknicken organiséiert, Beem geplanzt oder Spillplazen installéiert hunn, solle sech professionell MMA-Kämpfer e Sonndeg wuertwiertlech bluddeg schloen. Den Event gëtt awer och am Kader vun 250 Joer US-amerikanescher Onofhängegkeet ofgehalen. Virun deem Hannergrond huet den Donald Trump extra eng "Task Force" an d'Liewe geruff, déi nach weider pompös Evenementer fir de Summer geplangt huet, sou zum Beispill am August eng IndyCar-Course duerch Washington D.C..
De Charakter vun de Festivitéite sollt no insgesamt 6 Joer Trump am Oval Office u sech net méi iwwerraschen. Wa säi Wierken an der Ëffentlechkeet an deene leschte Joerzéngten - och baussent senger politescher Karriär - eppes gewisen huet, dann datt de Mann besonnesch eng Saach gär huet: am Mëttelpunkt stoen.

De 14. Juni 1946 ass den Donald J. Trump als véiert vun insgesamt fënnef Kanner zu New York City op d'Welt koum. Wéi scho säi Papp Frederick huet och de Fils fréi de Wee an d'Immobiliebranche fonnt a vun 1971 un d'Familljenentreprise iwwerholl. Dëser huet den Donald Trump den haut bekannten Numm "The Trump Organization" ginn an d'Geschäfter weider expandéiert. Duerch seng deels aggressiv Investissementspolitik a Bedeelegung u groussen Immobilieprojeten, huet e sech séier en Numm gemaach, wann och en ëmstriddenen. Uganks den 2000er dann den Astig an d'Showgeschäft: Mat "The Apprentice" lancéiert NBC 2004 eng vum Trump moderéiert Reality-TV-Emissioun, an där d'Kandidaten ëm eng Féierungspositioun an enger vun de sëllegen Trump-Entreprisë kämpfen. Ikonesch gouf hei de Saz, deen e Kandidat um Enn vun all Episod ze héiere krut, wann en aus der Competitioun eliminéiert gouf: "You're fired!". An och anerwäerts hat den Trump Optrëtter a Film a Fernsee, hat vun 1996 bis 2015 d'Rechter um "Miss Universe"-Franchise a war och Deelproprietär vun der beléifter Wrestling-Promotioun WWE.
Seng politesch Affiliatioune waren an der Vergaangenheet wiesselhaft, dat mat Memberschafte souwuel bei Republikaner wéi Demokraten, ma och bei der Reform oder Independence Party. Fir d'Republikaner goung den Donald Trump offiziell am Juni 2015 an d'Course, dat mam fréiere Ronald-Reagan-Walslogan "Make America Great Again". Wat fir vill uganks nach wéi e Witz gewierkt huet, gouf séier eescht, virun allem wéi éischt Sondagen den New Yorker Geschäftsmann viru republikanesche Matkonkurrente wéi Jeb Bush, Ben Carson oder Ted Cruz gesinn hunn an am Juli 2016 déi offiziell Nominéierung fir déi republikanesch Kandidatur koum. De Walkampf gouf op eng bis dohinner ongewéinlech aggressiv Manéier gefouert, bei där sech den Donald Trump net ze schued fir perséinlech an deels vulgär Attacke géint Kritiker a Konkurrente war. Seng Fuerderungen no enger Grenzmauer zu Mexiko, engem Areesverbuet fir Moslemen oder Stroftaxe géint China hunn Uklang fonnt, besonnesch am ländleche Raum bei enger wäisser, akommesschwaacher Aarbechterschicht. Ma och eng grouss Partie vum latäinamerikanesche Vott konnt hie sech sécheren, trotz ofwäertenden Äusserunge géigeniwwer mexikaneschen Immigranten, wéi zum Beispill bei senger offizieller Kandidatur-Annonce 2015:
"Si schécke Leit, déi vill Probleemer hunn a si bréngen déi Probleemer heihinner bei eis. Si bréngen Drogen heihinner, si brénge Verbriechen heihinner, si si Vergewalteger. E puer - huelen ech un - si gutt Leit".
Am Réckbléck fillt sech dem Donald Trump seng nawell iwwerraschend Victoire géint déi demokratesch Kandidatin a fréier First Lady Hillary Clinton un, wéi wann hie sech alles erlabe konnt. Och hie selwer schéngt sech dees bewosst gewiescht ze sinn. Sou sot hie bei engem Walkampfevent an Iowa am Januar 2016: "Si soen, ech hätt déi loyaalst Leit. Ech kéint matzen an der 5th Avenue stoen an een erschéissen an ech géif keng Wieler verléieren."
Net just dem Donald Trump seng Commentairen iwwer Immigranten hunn deels schockéiert Reaktiounen ervirgeruff. Matzen am Walkampf taucht bemol eng Audioopnam aus dem Joer 2005 op, an där de spéideren US-President an engem Gespréich mam NBC-Moderator Billy Bush ze héieren ass, wéi hie sech domadder bretzt, "alles" mat Frae maachen ze kënnen: "Ech fänke just domat u se ze kussen. T'ass wéi e Magnéit. Einfach just kussen. Ech waarden net emol. A wann s de e Star bass, loosse si et dech maachen. Du kanns alles maachen. Se bei der P***y upaken. Du kanns alles maachen".
Reprochë vu sexuellen Iwwergrëffer, Belästegung a Vergewaltegung géint den Donald Trump ware bis dohinner net nei. De Virfall huet trotzdeem dofir gesuergt, datt an de Wochen a Méint duerno weider Frae mat Virwërf vu sexuellem Abus géint de Politiker un d'Ëffentlechkeet gaange sinn. Seng Walvictoire konnt domat trotzdeem net verhënnert ginn an och nodeems en am Amt war gouf et keng Konsequenze fir hien.

Villes vun deem, wat den Donald Trump a sengem Walkampf annoncéiert hat, huet hie wärend senger éischter Presidence duerchgesat. Gepräägt war seng Amtszäit virun allem vum Opkënnege vun internationalen Handelstraitéen, dem Réckzuch aus dem Paräisser Klimaaccord, an dem "Muslim ban", dee Bierger aus 7 muslimesche Länner d'Arees an d'USA verbueden huet, ma vu verschiddenen US-Bundesgeriichter ausser Kraaft gesat gouf. Net nëmme mat de Geriichter hat den US-President bannepolitesch ze kämpfen, och koum et zu FBI-Ermëttlunge wéinst enger méiglecher Zesummenaarbecht vum Trump senger Walkampfekipp mat Russland, woubäi Moskau eng massiv Aflossnam zugonschte vum Republikaner reprochéiert gëtt. Dem Trump seng Reaktioun op d'Enquête war et, den deemolegen FBI-Direkter James Comey z'entloossen. Enn 2019 dann eng weider Raritéit an der US-Geschicht: Géint den Donald Trump gouf e sougenannten "Impeachment-Prozess" lancéiert, fir hie sengem Amt z'enthiewen. Am Februar 2020 gouf en dank enger republikanescher Majoritéit am Senat fräigesprach. Am Raum stoung dës Kéier de Reproche vum Amtsmëssbrauch, nämlech engem Telefonat mam ukrainesche President Selenskyj, dee schonn accordéiert Militärhëllef just da sollt kréien, wann d'Ukrain eng Enquête géint säi spéideren demokratesche Presidence-Konkurrent Joe Biden an deem säi Fils Hunter lancéiere géif.
Hiren Ofschloss a gläichzäiteg trauregen Déifpunkt huet dem Donald Trump seng éischt Amtszäit als President dunn erreecht, wéi hien als éischten US-President an der Geschicht seng Waldefaite géint den Joe Biden net wollt agestoen an den Demokrate Walfälschung virgeheit huet. De 6. Januar 2021, also un deem Dag un deem dem Demokrat seng Victoire am Kongress sollt confirméiert ginn, huet den Trump an enger Ried virun Dausende vu senge Supporteren, dorënner rietsextreem Membere vun de "Proud Boys" a chrëschtleche Fundamentalisten, dozou opgeruff, bei de Kongress ze marschéieren an "eist Land zeréckzehuelen". Där Opfuerderung si seng Ënnerstëtzer nokomm an eng bis zu 1.200 Demonstrante sinn an d'Gebailechkeeten agedrongen. Fënnef Mënschen huet dee vu villen internationalen Observateuren als "Coup" bezeechenten Ugrëff d'Liewe kascht.
Trotz sëllegen Ukloen a Verurteelunge wéinst dëser an aneren Affäre (Schweigegeld-Paiementer u Pornoactrice Stormy Daniels, Lagerung vu geheimen Dokumenter a senger Privatresidence zu Mar-a-Lago a versichten Aflossnam op d'Walresultat am Bundesstaat Georgia) gouf den Donald Trump fir d'Walen 2024 nees vun de Republikaner als Presidentschaftskandidat opgestallt. Seng aggressiv Rhetorik am Walkampf, uganks géint den Joe Biden, spéider fir déi nogeréckelt Kamala Harris, huet sech net verännert, ma éischter verschäerft mat nach méi Bezuch op Verschwierungstheorien, oder beonrouegenden Aussoe par-rapport zu Grönland, dem Panamakanal oder Kanada, déi eng Aglidderung an den US-Territoire suggeréiere sollten.
Deem géigeniwwer stoung seng Inzenéierung als "Friddenspresident" an dem Verspriechen, de Krich tëschent Russland an der Ukrain bannent 24 Stonnen op en Enn ze bréngen. Bei sengen europäesche Partner sollt dem Trump seng wiesselhaft an onberechenbar Positionéierung am Krich nach Grond fir massiv Beonrouegung sinn. Sou zum Beispill am Februar zejoert, kuerz no sengem zweeten Amtsuntrëtt, wéi hien zesumme mat sengem Vizepresident J.D. Vance den ukrainesche President Selenskyj bei enger Staatsvisitt viru lafende Kameraen am Wäissen Haus dupéiert an Ondankbarkeet reprochéiert huet.
Et sollt just den Ufank si vun enger Distanzéierung tëschent den USA an Europa, déi sech mat Menacë vun engem amerikaneschen NATO-Austrëtt an dem rezenten Ofzéie vun US-Zaldoten aus verschiddenen europäesche Länner nëmme weider verschäerft. Fir vill europäesch Leader steet entretemps fest, datt d'Zäite vun den USA als de wichtegsten an zouverlässegsten Alliéierten, definitiv eriwwer sinn. Récksprooche mat senge Partner an internationale Froe wéi dem Ugrëff op den Iran oder d'Entféierung vum venezuelanesche President Maduro schéngen den Donald Trump genee sou wéineg ze interesséieren, wéi déi wirtschaftlech Konsequenze vu senger deels willkürlech wierkender Stroftaxe-Politik géint déi ganz Welt, ma besonnesch China.
Um Sonndeg ka sech den Donald Trump nach feiere loossen, wann am UFC-Käfeg virum Wäissen Haus den Ilia Topuria an Justin Gaethje ëm de Championstitel am Liichtgewiicht géinteneen untrieden. Am November vun dësem Joer gëtt et fir den 80 Joer ale President awer eescht: Do stinn nämlech d'Hallefzäitwalen, "Midterms", um Programm.
Wärend hien et net hikritt huet, wéi versprach de Krich tëschent Russland an der Ukrain bannent engem Dag op en Enn ze bréngen an och den Ugrëff op den Iran d'Welt an eng massiv Energiekris gestierzt huet, wuesse fir den Trump och déi bannepolitesch Probleemer, un deene seng Zoustëmmungswäerter leiden. Brutal Perquisitioune vu senger Immigratiounsautoritéit ICE, déi willkürlech Leit festhëlt an och scho fir Doudesaffer gesuergt huet, seng Verstréckung an der Epstein-Affär, déi weiderhi Froen opwerft a seng Ënnerstëtzung fir Israel, déi och de rietse politesche Camp an den USA spléckt an um "America-First"-Prinzip zweiwele léisst, kéinte sécherlech zu enger Verschlechterung an de Sondagë bäidroen.