
Den US-President Donald Trump huet erkläert, datt d'Ënnerschrëft fir e Sonndeg geplangt wier an datt d'Hormusstrooss direkt duerno nees fir den internationale Schëffsverkéier opgoe soll.

Den iraneschen Ausseministère huet dës Ausso allerdéngs relativéiert. No iraneschen Informatiounen ass nach keen Accord fir e Sonndeg festgeluecht, obwuel op de meeschte wichtege Punkten en Accord erreecht gi wier. Verschidde Detailer missten nach ausgehandelt ginn.
Amerikanesche Vertrieder no géif den Accord ënner anerem virgesinn, datt den Iran säin Atomprogramm ofbaut, d'Hormusstrooss nees opmécht an datt existent héich beräichert Nuklearmaterial zerstéiert oder onschiedlech gemaach gëtt. No der Ënnerschrëft wier eng 60 Deeg laang Phas mat technesche Verhandlungen geplangt, fir d'Ëmsetzung vun dëse Moossnamen ze reegelen.
Gläichzäiteg bleift d'Situatioun ugespaant. D'US-Arméi huet gemellt, datt si verschidden iranesch Dronen ofgeschoss hätt. Trotzdeem soll de Schëffsverkéier aktuell net behënnert sinn.