EU wëll IStGH ënnerstëtzenUSA verschäerfe Sanktioune géint Internationale Strofgeriichtshaff

RTL mat AFP
Just Stonnen, nodeems eng fréier Riichterin de Friddensnobelpräis krut, decidéieren d'USA Sanktioune géint den Internationale Strofgeriichtshaff.
D'Gebai vum Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag.
D'Gebai vum Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag.
© REMKO DE WAAL/AFP

No der Annonce, datt déi fréier IStGH-Riichterin Navi Pillay de Friddensnobelpräis kritt, hunn d'USA matgedeelt, datt een d'Sanktioune géint den Internationale Strofgeriichtshaff, kuerz IStGH, géif verschäerfen. Den US-Ausseminister Rubio huet e Freideg matgedeelt, datt d'USA "all d'Geschäfter mat dësem Bandittegeriicht verbidden, seng Ressourcë beschneiden a seng Handlungsfäegkeet drastesch schwächen" wäerten. Weider heescht et vum Marco Rubio, datt den US-President Trump deem Geriicht et "nimools erlabe wäert, fir Amerikaner ze poursuivéieren".

Kuerz no dëser Annonce huet d'Europäesch Unioun op d'Sanktioune reagéiert an annoncéiert, datt ee bereet wier, fir "all déi néideg Mesuren ze huelen", fir et dem Internationale Strofgeriichtshaff z'erméiglechen, seng Aarbecht weiderzeféieren. Weider huet een d'US-Sanktioune géint den Internationale Strofgeriichtshaff als "zudéifst bedauerlech" bezeechent. Och hofft een an der EU, datt een déi sechs Méint, déi festgesat goufen, éier d'Sanktiounen a Kraaft triede sollen, notze kéint, fir mateneen ze schwätzen.

Back to Top
CIM LOGO