Educatioun a FrankräichVill Festnamen no Blockagen a Schoulen

RTL Lëtzebuerg
440 Leit, dovun déi grouss Majoritéit Mannerjäreger, goufen en Dënschdeg am Laf vum Dag a Frankräich festgeholl, duerch de Blockage vun de Lycéeën.
© POLYVIOS ANEMOYANNIS/Hans Lucas via AFP

Et hätten och 31 Blesséierter ginn, souwuel ënnert de Schüler wéi och am Léierpersonal, huet den Educatiounsminister Edouard Geffray zu Paräis confirméiert. Wäit iwwer 400 Schoulen goufen en Dënschdeg bestreikt, respektiv den Zougang blockéiert.

Dat well d'Konditiounen an de Schoulen einfach ze schlecht wieren, a wéinst dem Manktem u finanziellen an personelle Moyenen. Schonn e Méindeg waren iwwer 150 Jonker festgeholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO