
7 Stonnen an 55 Minutten: Esoulaang huet eng Raumkapsel vun SpaceX gebraucht, vu Cape Canaveral aus, bis bei déi international Raum-Statioun ISS. Dat ass en neie Rekord. Sou wéier war bis ewell nach ni e Mënsch do. Am ganze waren 4 NASA-Astronauten u Bord: d'Jessica Watkins, de Luke Delaney (USA), den Joshua Kutryk (Kanada) an de Sergej Teterjatnikow (Russland).
Eréischt viru puer Deeg huet SpaceX eng éischte Kéier eng Starship-Rakéit op eng Äerdëmlafbunn bruecht. Hei goung et drëm 26 Satellitte vum Starlink-Netzwierk am Orbit auszesetzen, wat och gelongen ass. D'Rakéit koum awer éischter wéi geplangt zeréck op d'Äerd an ass beim Opprall am Pazifik a Brand geroden.