
Et dierf een doheem nees 4 Leit, Kanner net mat agerechent, empfänken. Am Horeca kënnen nees Clienten dobannen zerwéiert ginn mat 4 Leit pro Dësch, et kënnen och nees Evenementer mat limitéierte Kapazitéiten organiséiert ginn, Jugendaktivitéiten a Campe sinn nees méiglech an ënner anerem kënne Fitnesszenteren a Kinoen nees opmaachen.
Lëtzebuerg ass nach ëmmer rout klasséiert an der Belsch. Bis ewell war jo en Openthalt vun 48 Stonnen ouni Test an ouni Quarantän erlaabt. Vun e Méindeg u fält d’Quarantän ewech, wann een eng komplett Impfung, oder en negativen PCR-Test virweise kann deen net méi al wéi 72 Stonnen ass. Donieft gëtt och de Certificat unerkannt, deen noweist, datt een nees gesond ass. De Covid-check soll jo vum 13. Juni un hei am Land a Kraaft trieden.
