No Sträichung vun zwee Russe vun EU-SanktiounslëschtWéinst Spionagevirwërf inhaftéierte Fransous Martin Ryan am Aserbaidjan begnodegt

AFP, iwwersat vun RTL
Een Dag, nodeems sech d'EU dorop gëeenegt huet, zwee russesch Oligarche vun der Sanktiounslëscht ze sträichen, huet den Aserbaidjan e Fransous, deen an hirem Land inhaftéiert war, begnodegt.
Nach der Streichung von zwei russischen Oligarchen von der Sanktionsliste der EU hat der aserbaidschanische Präsident Ilham Alijew am Mittwoch den wegen Spionagevorwürfen inhaftierten Franzosen Martin Ryan begnadigt.
De Fransous Martin Ryan, deen am Aserbaidjan inhaftéiert war, gouf begnodegt.
© AFP

Een Dag, nodeems zwee russesch Oligarche vun der Sanktiounslëscht vun der EU gestrach goufen, huet den aserbaidjanesche President Ilham Alijew de Fransous Martin Ryan, dee wéinst Spionagereprochen inhaftéiert war, begnodegt. Am Ganzen huet den Alijew 20 Leit begnodegt, wéi e Mëttwoch um Site vun der Regierung ze liesen ass. Dobäi wiere virun allem de gesondheetlechen Zoustand an déi familiär Ëmstänn vun de Prisonéier berécksiichtegt ginn.

Frankräich huet "erliichtert" op d'Begnodegung vum Fransous reagéiert, deen 2023 am Aserbaidjan festgeholl gi war. Hie war de leschte Mäerz wéinst Spionagevirwërf zu zéng Joer Prisong verurteelt ginn. Frankräich hat d'Urteel kritiséiert a seng Fräiloossung gefuerdert.

D'Begnodegung wier "d'Resultat vun engem gedëllegen an usprochsvollen Dialog mat den aserbaidjaneschen Autoritéiten", huet e Spriecher vum franséischen Ausseministère matgedeelt.

Engem héichrangegen Diplomat zu Bréissel no hat Frankräich dorop gedrängt, datt d'EU d'Sanktioune géint de russesch-usbeekesche Milliardär Alischer Usmanow am Géigenzuch fir d'Fräiloossung vum Ryan gefuerdert souwéi vu weidere franséische Prisonéier, déi am Aserbaidjan inhaftéiert waren.

Lëtzebuerg huet iwwerdeem d'Ophiewe vun de Sanktioune géint de Milliardär Michail Fridman gefrot. Dëse war virdrun geriichtlech géint d'Afréiere vu sengem Verméige géint de Grand-Duché virgaangen. D'Sanktioune géint béid Männer goufen en Dënschdeg opgehuewen.

Datt sech Frankräich fir d'Fräiloossung vum Usmanow agesat huet, ass bei aneren EU-Länner op uerg Kritik gestouss. Si hunn argumentéiert, datt d'Ophiewe vun de Sanktiounen aus politesche Grënn e geféierleche Prezedenzfall schafe géing. D'Ukrain huet d'Decisioun als Schan bezeechent. D'EU-Kommissioun hätt däitlech gemaach, datt an der Politik Suen ëmmer nach méi staark wiere wéi Prinzippien, esou d'Julia Nawalnaja, d'Wittfra vum gestuerwene russeschen Oppositiounsleader Alexej Nawalny.

De Fransous Martin Ryan war 2023 am Kader vun erhieflechen diplomatesche Spannungen tëscht Frankräich an Aserbaidjan festgeholl ginn. Den Alijew hat Frankräich beschëllegt, duerch Waffeliwwerungen un Armenien en neie Krich am Kaukasus unzefänken. De leschten Oktober hat den Alijew no enger Entrevue mam Macron zu Kopenhagen erkläert, datt "fréier Mëssverständnisser tëscht béide Länner bäigeluecht goufen".

Back to Top
CIM LOGO