
Um Stater Geriicht geet en Dënschdegmëtteg de Prozess géint de Philippe Wasila un, dee virun zwee Joer zu de Meeschtgesichte vun Europa gehéiert huet, de Europe's most wanted fugitives.
De Lëtzebuerger Parquet an Europol hunn no him siche gelooss, well de Philippe Wasila Haaptverdächtegen an enger Affär vu Fraude a Milliounenhécht ass. Tëscht 2013 an 2014 soll hien Investisseure virgemaach hunn, datt hien en erfollegräiche Geschäftsmann respektiv Affekot wier. Hien hätt si gleewe gedoen, e géing en Investmentfong dirigéieren an hinnen e gudde Rendement versprach, wa si a säi Projet fir eng autonom Dron géingen investéieren. Alles an allem soll hie sengen Affer eng 5,4 Milliounen Euro ofgeknäppt hunn.
Ma amplaz vun dësem Projet soll hien e ganze Reseau vu Bréifkëschtegesellschaften am Ausland opgebaut hunn, fir vun den Investisseuren hire Suen op groussem Fouss ze liewen. Op sengem Linkedin-Profil gesäit een de Philippe Wasila mat enger Coupe Schampes an engem Jet sëtzen. Hie gëtt do un, fir "Xasteria Finance SA" ze schaffen - eng Firma, déi ënnert deem Numm ni zu Lëtzebuerg am Firme-Regëster opgetaucht ass.
An der Firma "Xasteria Securitization Fund", déi et gouf, an un där de Philippe Wasila bedeelegt war, hat hien allerdéngs e Verwaltungsrotsmember vun der Zentralbank als Administrateur rekrutéiert, war also an dichteger Gesellschaft. Déi Firma gouf schonn 2014, zwee Joer nodeems se gegrënnt gouf, liquidéiert. Also ongeféier zu där Zäit, an där de Philippe Wasila d'Investisseuren an den Droneprojet soll gestrëppt hunn.
Hie gouf Uganks Dezember 2024 schliisslech a Griicheland festgeholl. De Fransous, deen zu Lëtzebuerg gebuer an opgewuess ass, streit d'Virwërf of. Nodeems hien an d'Lëscht vun den Europe's most wanted fugitives opgestige war, hat hien en Droit de réponse un d'Lëtzebuerger Press adresséiert. Do huet hie geschriwwen, hie wier net op der Flucht. Op déi lescht Rendez-vouse mam Untersuchungsriichter, sou den Ugeklote viru senger Festnam, wier hien aus medezineschen Ursaachen net méi gaangen. Déi Investisseuren, déi hien ugesicht hätten, hätten ni Suen a säi Projet gestach.
Fir den Ugekloten gëllt d'Onscholdsvermuddung, bis e rechtskräfteg verurteelt ass.