Redon / FrankräichWéinst Verbuet vu Rave-Party koum et zu heftegen Ausernanersetzungen
Partygäscht an d'Police waren zu Redon, am Nordweste vu Frankräich unenee geroden, nodeems d'Police eng illegal Rave-Party opléise wollt.
Eng 1.500 Leit waren op där Party, iwwerdeems Police a Gendarmerie mat ronn 400 Leit op d’Plaz komm sinn. E jonke Mann huet bei der extremer Gewalt eng Hand verluer, 5 Gendaarme goufe blesséiert.
D’Ausernanersetzungen hunn iwwer 7 Stonne gedauert. Verschidde Partygäscht hu mat Molotowcocktailen, Boule-Kugelen oder Steng op d’Sécherheetsbeamte geheit.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.