
D’Weltgesondheetsorganisatioun huet confirméiert, dass déi global Zuel vun Infektioune fir déi siwent Woch hannerteneen zréckgaangen ass. Dëst ass de längsten Zäitraum zanter dem Ufank vun der Pandemie.
Dëse Fakt dierft awer net driwwer ewechtäuschen, dass d’Situatioun an eenzele Länner ganz schlëmm wier, huet de WHO-Chef Tedros zu Genève gewarnt.
Besonnesch an Afrika géifen d’Fäll deels massiv klammen, an do hätten d’Länner bei Wäitem am mannste Vaccinen, Tester oder Sauerstoff fir d’Klinicken.
Och an England ginn d‘Corona-Restriktiounen elo nach emol bis Mëtt Juli verlängert, obwuel se eigentlech e Méindeg sollte ganz fale gelooss ginn. D’Hausse vun de Neiinfektiounen a besonnesch déi indesch Variant géifen dat awer net zouloossen, sot de Premier Boris Johnson.
