CoronavirusWeltwäit goufen 3 Milliarden Impfunge gemaach

RTL Lëtzebuerg
Op d'mannst 3.009.773.775 Impfunge goufe weltwäit gesprëtzt, Stand en Dënschdeg bis 11 Auer. Dat geet aus den neiste Chiffere vun der AFP ervir.

Dee Vaccin, deen am meeschte benotzt gouf, ass dee vun AstraZeneca. E gëtt an 80 Prozent vun alle Länner op der Welt gesprëtzt. Duerno komme Biontech/Pfizer mat 47 Prozent an nach Sinopharm a Moderna mat all kéiers 22 Prozent.

D’EU huet am Ganzen 357 Milliounen Dosisse verimpft a ronn 50 Prozent vun der Bevëlkerung. 32 Prozent si komplett geimpft.

Op weltwäitem Niveau ass d’Impfcampagne awer vu staarke Onreegelméissegkeete bestëmmt. Länner mat engem héijen Akommes hunn am Schnëtt 79 Dosen op 100 Awunner benotzt, Länner mat schwaachem Akommes kommen dogéint just op eng Dosis op 100 Awunner. 5 Staaten hunn der AFP no nach guer keng Impfcampagne: Tansania, Burundi, Eritrea, Haiti an Nordkorea.

An den Emirater goufen déi meescht Impfunge gemaach, mat 153 Dosissen op 100 Awunner, duerno kommen de Bahrain an Israel mat all kéiers 124 Dosissen. Weider ginn och am Chile mat 118 Dosen op 100 Awunner vill Mënsche geimpft, viru Groussbritannien (113), Mongolei (111), Uruguay (110), Katar (107) an d’USA (98). Dës Länner hu ronn d’Hallschent vun hirer Populatioun duerchgeimpft.

An Europa sinn Holland Däitschland, Spuenien, Portugal an Italien d’Spëtzereider bei de meeschten Impfungen. Ma och Lëtzebuerg ass mat 55 Prozent Geimpfte gutt positionéiert.

Back to Top
CIM LOGO