Trotz PandemieZuel vu Flüchtlinge weltwäit weider geklommen

RTL Lëtzebuerg
Wéi aus dem Joresrapport vum Uno-Flüchtlingshëllefswierk UNHCR ervirgeet, wieren 82,4 Millioune Leit 2020 op der Flucht gewiescht.
Flüchtlingslager am Bangladesch
Flüchtlingslager am Bangladesch
© AFP

Sou vill wéi nach ni virdrun. Wärend der Pandemie wier alles zum Stëllstand komm, ma Kricher, Konflikter, Gewalt, Diskriminéierung a Verfolgung wiere weider bestoe bliwwen, sou den Uno-Flüchtlingskommissär Filippo Grandi. Méi wéi zwee Drëttel vun de Flüchtlinge kommen aus nëmme 5 Länner: Syrien, Venezuela, Afghanistan, de Südsudan an dem Myanmar. 42% vun hinnen haten dem Rapport no nach keng 18 Joer.

PDF: Schreiwes vum OGBL an FSPL zum Weltflüchtlingsdag 2021

Back to Top
CIM LOGO