
Ganzer 117 Stied sollen dem Sécherheetsministère no komplett ënner Waasser sinn. Betraff si 5 Bundesstaaten am Osten an am Zentrum vum Land.
Mat 22 Doudesaffer ass de Bundesstaat Hidalgo am Zentrum vum Land am uergste vun der Katastroph getraff. D’Zuel vun den Affer kéint hei awer nach weider klammen. E Samschdeg ware ronn 90 Uertschaften net fir d’Secouristen accessibel.
Déi mexikanesch Presidentin Claudia Sheinbaum huet matgedeelt, dass op mannst 6.700 Zaldote am Asaz sinn, fir de Leit ze hëllefen an d’Stroossen nees fräizeraumen.