Bëschbränn an der GirondeD'Geschicht hannert der Foto vun de Vacancieren ënnert hirem Sonneprabbeli

AFP, iwwersat vun RTL
Den AFP-Fotoredakter Maximilien Lamy war mat senger Duechter an der Vakanz, wéi sech op der Plage eng speziell Kuliss opgebaut huet. An engem Bäitrag erkläert hien, wéi hien d'Situatioun erlieft huet a wéi et zu der Foto komm ass.
© Maximilien Lamy / AFP

Den hellen orangë Sonneprabbeli, zwee gesträift Plagëstill an eng Koppel vu Vacancieren, déi um Ufer vum Lacanau-Séi aus der Distanz op déi riseg Dampwollek kuckt. D'AFP-Fotoserie, déi wärend de Bëschbränn an der Gironde opgeholl gouf, huet et op d'Titelsäite vun de groussen Zeitunge gepackt an huet sech wéi e Laffeier an de sozialen Netzwierker verbreet.

D'Serie gouf de 24. Juli vum Maximilien Lamy, Fotoredakter bei der AFP, opgeholl, wéi hie mat senger Duechter an der Vakanz war. Et war ronn 14 Auer op deem Dag, wéi de Maximilien säin Auto geparkt huet. Wéi hie gesinn huet, datt sech d'Lag zouspëtzt, huet hie probéiert, séier nach eppes ze iesse sichen ze goen, éier hien d'Gebitt verloosse wollt.

"Ech ginn iwwert d'Plage vu Moutchic a maache mat mengem Handy Fotoe vun de Vacancieren. E puer kënnen et net gleewen, anerer ginn einfach weider hiren Aktivitéiten no. D'Kuliss ass apokalyptesch, d'Luucht matzen am Damp ass speziell. Ech si ganz kloer zur richteger Zäit op der richteger Plaz", erkläert de Maximilien Lamy.

"Ech maachen d'Foto, well mir direkt den opfällege Kontrast tëscht hirer Haltung, dem Pastis-51-Sonneprabbeli an dem apokalypteschen Déngens hannendrun opfält. Ech wëll dëse Kontrast, dës immens staark Symbolik festhalen", seet hie weider. "Ech maachen hinne keng Reprochen, well ech weess net, wat si an dësem Moment denken. Ass et hinnen egal oder fille si sech iergendwéi machtlos?"

"Ech war komplett ofgekoppelt vun deem, wat aktuell geschitt. Ech hat net déi ganz Berichterstattung vun der AFP gesinn. Respekt vun den anere Fotografen, déi bei de Pompjeeë waren. Ech hat sou vill gutt Fotoe gesinn. Vläicht hat ech dat Gléck, en anere Bléckwénkel ze hunn", zitt hien als Conclusioun mat Bléck op seng Fotoen, déi viral gaange sinn. Zum Schluss betount de Fotograf dann nach: "Dee beschte Fotoapparat ass nach ëmmer deen, deen een ëmmer bei sech huet."

De Bëschbrand vu Saumos an der Gironde, iwwert deen d'AFP zanter leschte Mëttwoch an Text, Bild a Video bericht huet, gehéiert zu den uergste Bëschbränn a Frankräich zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich.

Back to Top
CIM LOGO