
D'Alerte jaune, déi MeteoLux an LU-Alerte déi lescht Deeg erausginn haten, gëllt nach bis en Donneschdeg de Mëtteg 12 Auer. Erwaart gëtt e "moderaten thermesche Stress". Bei engem méi laangen Openthalt oder kierperlecher Aarbecht dobaussen, wiere Middegkeet oder Erschëpfung méiglech.
Fir de fréien Nomëtteg mellt MeteoLux eng Front mat Reeschaueren, bei deenen Donnerwieder net ausgeschloss wier. Vun 11 Auer u warnt MeteoLux da viru staarkem Wand mat Vitesse vun tëscht 75 a 85 km/h, lokal och 90 km/h, bis 16 Auer. Nom Reen géing sech d'Wieder dann nees berouegen an et géing dréche bleiwe mat liichte Wolleken.
Déi weider Entwécklungen zur Alerte kënnt Dir hei oder hei suivéieren.