Japan50 Blesséierter no uergem Äerdbiewen

RTL Lëtzebuerg
No engem staarken Äerdbiewen am Südweste vu Japan si vill Mënschen an engem futtissen Akafszentrum an der Stad Kumamoto agespaart.
© STR/AFP

Op d'mannst 50 Mënsche goufen an d'Spidol bruecht. Zwielef Haiser sinn an de Koup gefall, deelweis mat Mënschen ënnert de Steng.

An der Regioun Kumamoto goufen och Stroossen a Brécke futtigemaach, et koum zu Stroumausfäll a Bränn. An engem Akafszentrum zu Kumamoto gouf eng Explosioun gemellt, dobäi sollen eng Rei Leit am Gebai agespaart sinn.

Eng Tsunami-Warnung gouf kuerz nom Biewe rausginn, awer séier nees opgehuewen. Bei den Atomkraaftwierker goufen den Autoritéiten no keng Onreegelméissegkeete festgestallt.

D'Ausmooss vun de Schied gëtt nach evaluéiert.

© ANDREW CABALLERO-REYNOLDS/AFP

Back to Top
CIM LOGO