Mat 59 vu 60 de Premièresexame gerockt"Ech hunn dat Resultat net direkt komme gesinn"

Christophe Hochard
De Max Brimmeyer ass de beschte Schüler am Secondaire Classique. Elo gëtt sech op d'Studenteliewen zu Zürech preparéiert. Am September geet et lass.

59 vu 60 Punkten am Premièresexamen. Mat dësem Resultat ass de Max Brimmeyer de beschte Schüler vun all de Primaner vum Schouljoer 2025/26 am Classique. Op der Sektioun "C", Sciences, war de jonke Mann vu Mamer ageschriwwen.

"Am Ufank hunn ech et net wierklech gegleeft. Ech war relativ schockéiert. Ech hat mir dat net erwaart. Duerno war ech awer mega frou an houfreg. Ech hat dat awer net direkt komme gesinn", erzielt mir de Max Brimmeyer. Am Mamer Park hunn ech de jonke Mann vun 18 Joer fir den Interview getraff.  Vu 7ième bis 3ième war hien zu Mamer am Lycée Josy Barthel. Duerno huet de Max am Stater Kolléisch d'Schoulbänk gedréckt.  "An der Woch virum Optakt  vun den Examen hunn ech ugefaangen, intensiv ze schaffen. Do hunn ech ëm déi 8 Stonne pro Dag geleiert". A 7 verschiddene Fächer huet de Max seng Exame geschriwwen: Bio, Englesch, Chimie a Mathé 2 an der éischter Woch. Physik, Eco a Mathé 1 no der Päischtvakanz. 

"Vu Klengem un hunn ech mech fir d'Chimie interesséiert"

D'Experimenter maachen dem Mamer Jong am meeschte Spaass. "Ze kucken, wéi verschidde Saache matenee reagéieren. Dat huet mech nach ëmmer interesséiert. An der Chimie ass et wichteg, datt ee sech déi eenzel Ofleef och virstelle kann, fir dat alles net auswenneg ze léieren, mee virun allem ze verstoen". Dëst erkläert mir de Max Brimmeyer ganz houfreg. Vu Jonkem un huet sech den 18 Joer jonke Mann fir d'Chimie interesséiert. Mat de Joren huet sech d'Interessi un Experimenter gesteigert. 

Max Brimmeyer: beschte Schüler am Classique
Vu Klengem un un der Chimie interesséiert.

Mëtt September fänkt dem Max säi Studium an der Chimie un. Zu Zürech op der ETH. "An England hätt ech mir och kënne virstellen, ze studéieren. Allerdéngs ass et zu Zürech vun der Sprooch hier méi einfach. Däitsch läit mir besser ewéi d'Englesch". Zesumme mat zwee Kolleege wäert de Max sech eng Wunneng an der Schwäiz deelen. "Den Ament si mir amgaangen, no engem Appartement ze sichen". Ufank September soll et dann definitiv dorower goen. Op d'Studenteliewe freet sech de Primaner. "Ech war elo schonn e puer mol do. Zürech ass eng schéi Stad. Ech wäert vill Spaass do hunn a freeë mech, och do ze liewen. Et ass awer och e bëssi opreegend fir den Ament. Et weess een net wat op een duerkënnt". 

Chercheur oder Proff

Dem Max Brimmeyer säin éischte Plang ass et, fir spéider als Chercheur ze schaffen. A wat fir engem Beräich ass nach net kloer.  "Duerno geséit een et och op der Uni wouranner een sech spezialiséiere kann. Proff ass awer och eng Optioun". 

De beschte Primaner am RTL Interview
Chercheur oder Proff? Dat ass nach net kloer.

Dem Max säi Papp ass Ingenieur vu Beruff, d'Mamm Responsabel vum Schëfflenger Déierenasyl. D'Eltere sinn houfreg op hire Fils. Dem Max seng Schwësterd'Lena (16 Joer) interesséiert sech fir d'Bio. Fir de Kapp vum Léiere fräizekréien, ass de Max reegelméisseg am Mamer Park mat sengem Hond spadséiere gaangen. "Milly" heescht de Mupp, ass 3 Joer al a nach zimmlech verspillt. "Mir hunn de Mupp aus Rumänien adoptéiert wéi et ee Joer al war". 

International Chimiesolympiad am Usbekistan

Bei der Lëtzebuerger Chimiesolympiad goufe 4 Schüler selektionéiert, fir un der internationaler Olympiad deelzehuelen. "Do hat ech eben d'Chance mat der Ekipp an Usbekistan ze goen." 

De Max Brimmeyer vu Mamer huet mat 18 Joer d'Première mat 59/60 ofgeschloss.
Déi international Chimiesolympiad am Usbekistan war en Erliefniss.

"Beim Fürerschäi muss ech nach e bëssi an d'Gäng kommen" 

De leschte Wanter huet de Max Brimmeyer mam Fürerschäi fir den Auto ugefaangen. "Wärend dem Examen hunn ech awer net méi mega dru geduecht. Elo hunn ech mir awer virgeholl, deen elo nach fäerdeg ze kréien". 

Vakanz huet de Max zu Valencia gemaach. Elo geet et op d'Sich no enger Wunneng zu Zürech. Miwweléiert oder net. Déi nächst Woche bléiwe spannend fir de jonke Mann. 

RTL sicht fréier "bescht Schüler"

Dir waart selwer beschte Schüler vun Ärem Joergang oder kennt een, deen et war? RTL wëll wëssen, wat aus fréiere "beschte Schüler" ginn ass. Melle kënnt Dir Iech oder eng aner Persoun per Mail u red@rtl.lu.

Back to Top
CIM LOGO