
Wéi schonn e Sonndeg vum Parquet an der Belsch präziséiert gi war, konnt d'Affer, dat an engem Parking bei der Areler Gare fonnt gouf, séier identifizéiert ginn. Et handelt sech ëm e Mann vu Baaschtnech, deen 1987 op d'Welt koum. Weider gëtt betount, dass éischt Ermëttlungen op der Plaz erginn hätten, dass ee muss dovunner ausgoen, dass op d'mannst eng aussestoend Persoun un der Dot bedeelegt war. Wéinst dem Virworf vu Mord gouf och séier en Untersuchungsriichter kontaktéiert.
De Labo vun der Police technique, e Geriichtsmedezinner, den Untersuchungsriichter an de Parquet sinn e Sonndeg am Nomëtteg op d'Plaz geruff ginn, fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen. Och d'Police vun Arel an déi concernéiert Police judiciarie waren am Asaz, am Laf vum Dag goufen et Hausperquisitiounen an eng Partie Leit festgeholl. Zwou Persoune koumen e Méindeg den Owend virun den Untersuchungsriichter, goufe wéinst Mord ugeklot a koumen an Untersuchungshaft. Eng Obduktioun vum Affer gouf ordonéiert.
Déi decisiv Resultater leien nach net vir, ma de Parquet kann awer elo scho soen, dass d'Affer e puer massiv Schléi géint de Kapp kritt huet. Dëst hätt och zum Doud vun der Persoun gefouert. Bis ewell géifen et keng Indicë ginn, dass Géigestänn bei dëser Dot agesat goufen. Déi genee Ëmstänn géife vun der Police judiciarie gekläert ginn. De Parquet, deen an d'Affär involvéiert ass, wäert sech och net weider äusseren zu dësem Fall, fir d'Famill an d'Ermëttlungen ze schützen.
"Les éléments recueillis sur place par les premiers intervenants ont permis de conclure à l’intervention d’un tiers. Un juge d’instruction a immédiatement été saisi du chef de meurtre. Le laboratoire de la police technique scientifique et un médecin légiste ont procédé aux constatations utiles sur les lieux. Le juge d’instruction ainsi qu’un magistrat du parquet se sont également rendus sur place dans l’après-midi. De très nombreux devoirs ont été réalisés conjointement par la zone de police d’Arlon et la police judiciaire fédérale du Luxembourg. Ceux-ci ont permis la réalisation de perquisitions et l’interpellation, dans la journée, de plusieurs personnes.
Deux personnes ont été inculpées de meurtre et placées sous mandat d’arrêt par le juge d’instruction ce 28 septembre en soirée. Une autopsie de la victime a été réalisée. Les conclusions définitives ne sont pas encore connues mais il peut d’ores et déjà être indiqué que la victime aurait reçu plusieurs coups violents à la tête qui ont entrainé le décès. Rien, à ce stade, ne permet d’indiquer que des objets auraient été utilisés. L’enquête se poursuit afin de déterminer les circonstances exactes de ce décès et est confiée à la police judiciaire fédérale du Luxembourg. Le parquet du Luxembourg ne s’exprimera pas davantage afin de préserver les proches et l’enquête."