Den "Distinguished Gentleman’s Ride" (DGR) ass zréck zu Lëtzebuerg. Beim weltwäiten Charity Event si Chauffere vu klasseschen, Oldtimer- an Neo-Retro-Motorrieder an eleganter Kleedung fir de gudden Zweck duerch d'Stroosse vum Grand-Duché gefuer. Zil vum Event, bei deem Dausende Leit aus iwwer 900 Stied weltwäit matmaachen, ass d'Prostatt-Kriibsfuerschung an Initiative fir d'psychesch Gesondheet vu Männer duerch d'Movember Foundation z'ënnerstëtzen.
An d'Liewe geruff gouf den DGR 2012 zu Sydney vum Mark Hawwa. Inspiréiert vun enger Foto vun engem klassesche Motocyclist am Kostüm huet den Hawwa den Event lancéiert, fir dem dacks negative Klischee vu Motocyclisten entgéintzewierken. Séier huet den DGR sech an eng weltwäit Spendenaktioun am Déngscht vun der Gesondheet vum Mann entwéckelt.
Zanter iwwer engem Joerzéngt gëtt et den "Distinguished Gentleman’s Ride" och zu Lëtzebuerg, dee Participanten aus dem ganze Land an den Nopeschregiounen unzitt. D'Organisateure betounten, datt et beim Event ëm méi wéi Motorradfueren a schicke Kleeder geet. Den Event géing Gespréicher iwwer d'Gesondheet vun de Männer ureegen, déi "dacks net oppe genuch gefouert ginn", wéi et vun engem lokale Participant heescht. "Et geet drëm, Mënschen zesummenzebréngen a Pappen, Bridder, Frënn a Kolleegen z'ënnerstëtzen."
Start vum "Distinguished Gentleman’s Ride" war bei der Gëlle Fra op der Place de la Constitution. Vun 12 Auer u konnte sech Motocyclisten a Supporter hei versammelen, éier et um 14 Auer lass goung. Schluss vun der Streck war bei de Rives de Clausen, wou d'Participanten a Visiteuren d'Motorrieder bestaune konnten an et sech bei Food Trucks, Gedrénks an enger festlecher Atmosphär gutt goe konnte loossen.
Bis Ufank Mee hate sech bal 200 Motocyclisten a Bäifuerer fir den Tour ugemellt a bal 21.000 Euro gesammelt. Domat läit déi Lëtzebuergesch Editioun ënner den Top 20 vun de Stied, déi matmaachen. All d'Done fléissen an international Fuerschungsprogrammer an Hëllefsofferen, déi sech op Suizidpreventioun, psychescht Wuelbefannen an d'Behandlung vum Prostatt-Kriibs konzentréieren. Déi lescht Editioun hat iwwer 25.000 Euro u Spenden abruecht.