
Zu Esch huet e Samschdeg den Owend e Mann am Sträit een aneren mat engem Messer an engem Geschäft an der Uelzechtstrooss blesséiert. D'Affer ass liicht un der Schëller blesséiert ginn a koum an d'Spidol. D'Police huet de presuméierten Täter op Uerder vum Parquet festgeholl. De Mann hat direkt e Sonndeg scho Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
An der Brillstrooss hat dann e Samschdeg den Owend e Mann an engem Café e Glas op eng Mataarbechterin gehäit, déi liicht verwonnt gouf. Den alkoholiséierte Mann ass kuerz drop an enger Strooss niewendrun interpelléiert ginn a koum an den Arrest, well hie sech net ginn huet.
Zu Nidderkuer waren zwee Leit ënnerwee, déi sou vill gedronk haten, datt se den Auto ofwiesselnd gesteiert hunn. D'Police hat gemierkt, datt se am Zickzack ënnerwee waren. Wéi den Auto um Enn op engem Parking fonnt gouf, gouf en Alkoholtest gemaach. Dee war souwuel bei der Fra hannert dem Steier, wéi dem Bäifuerer positiv. Allebéid krute se de Permis ofgeholl. An zu Schëffleng hat sech en alkoholiséierten Automobilist iwwerschloen a war am Gaart vun engem Haus gelant. De Mann gouf liicht verwonnt an hie gouf protokolléiert.
E presuméierten Täschendéif gouf dann nach an der Stad festgeholl. Éischten Informatiounen no hat de Mann an engem Bistro sengem Affer de Portmonnie geklaut Wéi d'Affer et bemierkt an de Mann ugeschwat hat, huet dësen him de Portmonni zeréckginn an wollt fortlafen. Dat ass him awer eréischt no enger kuerzer Reiwerei mam Affer gelongen. En Patrull konnt de Mann kuerz drop stellen an hie koum mat op de Policebüro. Eng Enquête leeft.