Déier hat eng Persoun blesséiertPolice vu Leipzig erschéisst Tiger, dee fortgelaf war

RTL Lëtzebuerg
An enger Industriezon an der Géigend vu Leipzig ass e Sonndeg een Tiger ausgebrach an huet eng Persoun blesséiert.
D'Dompteurin Carmen Zander mat engem vun hiren Tigere bei engem Optrëtt an engem Zirkus am Joer 2015.
D'Dompteurin Carmen Zander mat engem vun hiren Tigere bei engem Optrëtt an engem Zirkus am Joer 2015.
© BERTRAND GUAY/AFP

E Sonndeg koum et an der Géigend vu Leipzig zu engem Groussasaz vun der Police. An enger Industriezon war een Tiger fortgelaf. D'Déier huet eng Persoun blesséiert, dat huet d'Police matgedeelt. Wéi et weider heescht, hätt een d'Déier mëttlerweil erschoss. "Fir d'Bevëlkerung besteet keng Gefor méi", sou eng Spriecherin vun der Police. D'Pompjeeën haten de Beräich ronderëm d'Industriezon groussraimeg ofgespaart.

Den Tiger gehéiert der als "Tiger-Queen" bekannter Dompteurin Carmen Zander. Si hält an engem Industriegebitt e puer Tigeren.

Wéi dem Tiger den Ausbroch gelongen ass, ass bis ewell nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO