Decisioun an nächste WochenAss Lëtzebuerg d'nächst Joer beim ESC a Bulgarien derbäi?

RTL Lëtzebuerg
D'Decisioun läit elo bei der Regierung, déi d'Finanzement bis 2026 zougesot hat.
© Jeff Spielmann

Ass Lëtzebuerg d'nächst Joer a Bulgarien beim ESC derbäi? Dat decidéiert sech an den nächste Wochen. Déi final Decisioun läit bei der Regierung. Et wier ee sech u sech eens gewiescht, datt eng weider Participatioun net un enger Qualifikatioun fir d'Finall gebonne wier, sot de Chef vun der Lëtzebuerger Delegatioun Dave Gloesener e Samschdeg um RTL-Mikro. An den nächste puer Woche géif ee lo mat der Regierung e Point maachen, wat de Eurovision Song Contest Lëtzebuerg ënnert dem Stréch bruecht huet an da géif tranchéiert ginn.

Extrait Dave Gloesener

Theoretesch huet d'Regierung de Finanzement bis 2026 zougesot. Den DP-Vizepremier Xavier Bettel war fir d'Finall vum ESC an der Stadthalle zu Wien derbäi, wéi een op de soziale Medie gesi kann. No enger laanger Paus (1993 hu "Modern Times" Lëtzebuerg eng leschte Kéier bis dohinner vertrueden), hat de Grand-Duché déi lescht dräi Joer nees beim Eurovision Song Contest gemaach. Anescht wéi dëst Joer, haten d'Tali ("Fighter") an d'Laura Thorn ("La poupée monte le son") et bis an d'Final gepackt a ware bis op d'Plaz 13 respektiv 22 komm.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO