Vläicht kennt Dir de Bob Scholtes duerch Social Media, Extreem-Sport oder Community Runs. Mat 22 Joer huet de “Bobfitlx”, wéi hie sech an de soziale Medien nennt, nämlech schonn e bëssen eppes Opweises. An nëmme 5 Joer huet hien ënnert anerem schonn e puer Marathonen, Ultramarathonen, en Ironman an de Last Soul Ultra, also e Backyard-Ultramarathon, hannert sech. Zwee Mol den Dag trainéiert de Bob Scholtes a setzt sech ëmmer nees nei Ziler. Ëmmer mat dobäi: en Handy, fir seng Social-Media-Community mat a seng Welt ze huelen.
Säin Alldag huet awer net ëmmer esou ausgesinn. Éier hie mam Sport ugefaangen huet, war de Bob Scholtes dee “klenge Mockelegen”, deen “ëmmer gutt giess huet an einfach frou war”, wéi hie sech selwer beschreift. An awer hätt hie sech engesdaags an de Spigel gekuckt a “war net ganz zefridde” mat sengem Kierper. Op YouTube huet hie sech dowéinst ëmgekuckt, wéi hie mat Sport ufänke kéint. Vun de Pompelen a Klimmzich a senger Kummer goung et un d’Lafen a séier och an de Fitness. Ze gesinn, wéi déi éischt Kiloen erofgoungen, hätt hien ëmmer méi motivéiert weiderzemaachen a wann de Bob Scholtes sech eppes an de Kapp setzt, “dann zéien ech dat och duerch bis zum Schluss”.
Schonn no engem Joer Training ass de Bob Scholtes e Marathon matgelaf. Deemools e “krassen Challenge”, haut éischter eng Liichtegkeet mat enger Zäit vun ënner 3 Stonne beim Barcelona-Marathon dëst Joer. Scho bei sengem éischte Marathon huet hie gemierkt, datt hie gären nach méi iwwer seng “Limits” wéilt goen – allerdéngs manner an dee “séiere Beräich, mä da méi laang an do kann ech mech méi wäit pushen”.
“Ech weess, datt ech also Péng ganz laang kann duerchhalen an dowéinst hunn ech och lescht Joer de Last Soul Ultramarathon gemaach, wou ech eng aacht Plaz erreecht hunn a méi wéi zweehonnert Kilometer gelaf sinn an dat waren drësseg Stonnen.”
Beim Last Soul Ultra, e sougenannte Backyard-Ultramarathon, mussen d’Leefer all 60 Minutten eng Ronn vu 6,706 km lafen, bis nëmmen nach ee Leefer iwwereg bleift. En Extreem-Sportevent, bei deem net jiddereen einfach esou dierf matmaachen. De Gros vun de Leefer si Profi-Athleten, hannert deene grouss Ekippen a Sponsore stinn. Dorënner och Virbilder vum Bob wéi de Kim Gottwald, deen de Last Soul Ultra matorganiséiert oder den Arda Saatçi. All Joer ginn awer och eng Rei sougenannt “Wildcards” verginn. Fir esou eng ze kréien, huet och de Bob Scholtes e Social-Media-Video erageschéckt a krut d’Chance mat senge Virbiller matzelafen a mat enger 8. Plaz och definitiv matzehalen.
Och hei mat dobäi nees den Handy, fir alles ze dokumentéieren a senge Follower ze weisen, wéi wäit hien et bruecht huet. Ugefaange mat Social Media huet de Bobfitlx, nodeems Kolleegen hien op d’Iddi bruecht haten. Mat allem, wat hien a kuerzer Zäit erreecht huet, kéint hie “stolz op sech sinn” a vläicht weider Leit motivéieren, Sport ze maachen. Säin éischte Video wier dann och “erstaunlecherweis ok ukomm”. An “do krut ech e puer Follower, e puer Likes, e puer gutt Kommentarer an dat huet mech motivéiert weiderzemaachen an och dat huet mech motivéiert déi e bësse méi schwéier Zäit, wou ech dann net esou motivéiert sinn, dann och weiderzemaachen, well ech weess, datt Leit awer duerch mech motivéiert gi sinn.”
Séier ass dunn aus der klenger Iddi en Zil ginn: op Social Media eng grouss Reechwäit erreechen, fir esou vill Leit wéi méiglech un de Sport ze kréien. Dee selwechte But huet de Bobfitlx dann och mat senge Kolleege vum Social-Media-Profil “D’Ekipp”. Als Influencer, déi sech op de Sport fokusséieren, wollte si Social Media zu Lëtzebuerg “op en neie Level bréngen”. Dat Wichtegst dobäi: zesumme Sport maachen. Ville Leit feelt et dacks u Motivatioun an dës kritt een der “D’Ekipp” no am beschten, wann ee sech géigesäiteg “pushed”. Nieft der Iddi, sech zesummen nei sportlech Challengen ze setzen an nei Sportaarten ze testen, ass du séier deen éischte “Community Run” entstanen. Deemools nach mat enge 50 Leit leeft “D’Ekipp” haut – e knappt Joer méi spéit – zu e puer Honnert duerch d’Quartiere vun der Stad.
“Mir treffen eis all Mount, lafen da 6-7 Kilometer an dat als Community, all zesummen.”
Mat e puer Honnert Leit kee klengen Event méi - an dofir muss och fir Verfleegung, Sécherheet, Entertainment an natierlech Contenu fir d’sozial Medie gesuergt sinn. Am Hannergrond leeft dowéinst méi Organisatioun wéi ee mengt. Trotz der Aarbecht géingen d’Community Runs awer einfach Spaass maachen, seet de Bob Scholtes. Besonnesch schéi wier natierlech d’Unerkennung vun de Leit. Bei engem Community Run wiere souguer Leit zwou Stonnen aus Däitschland erofgefuer komm, déi duerch “D’Ekipp” motivéiert goufen, Sport ze maachen.
“Dat freet mech einfach mega, also dat ass wierklech eng Saach, dat kann een net beschreiwen, wann een dann do kënnt, deen dir seet, ech hunn him gehollef do a senger Entwécklung an dat ass onbeschreiflech, also dat Gefill, dat ass wierklech, wierklech krass.”
“D’Ekipp” mécht awer net just Sport, ma bewäert och Kebappen zu Lëtzebuerg. No engem Spaassvideo hätte si gemierkt, datt d’Leit hir Kebab-Reviews einfach “iergendwéi mega gären” kucken, deemenentspriechend hu si weidergemaach. Allerdéngs verdréit sech dat villt Iessen net ganz esou mam Extreem-Sport vum Bob Scholtes. Den Dag no engem Kebab géing hie scho mierken, datt seng “Performance net ganz esou gutt” ass. Deemno géing hien ëmmer mol nees eng Paus vun de Kebab-Bewäertungen aleeën, fir sech op de Sport ze fokusséieren.
De Bob Scholtes gëtt zou, datt déi sozial Kontakter schonn “heiansdo méi an den Hannergrond” rutschen, well hien ëmmer nees nei “grouss Ziler” huet an do “vill wëll erreechen an da mäin Training an de Vierdergrond huelen”. Och wann hie sech natierlech emol Zäit fir seng Kolleegen hëllt, hätt hien nun emol Ziler, fir déi hie sech zesummerappe misst.
Nieft méi “klenge Sidequests” wéi Marathonen oder Powerlifting-Concoursen ass dëst Joer dem Bob Scholtes seng Haaptchallenge, nach emol de “Last Soul Ultra” matzelafen. “Ech hu jo d’lescht Joer matgemaach, do hunn ech zweehonnert Kilometer ofgerappt, dëst Joer wëll ech dohin an nach eng vill méi krass Zuel erreechen a komplett iwwert meng eege Limits goen. An dorops trainéieren ech elo hin.”
Op laang Dauer gesinn, wëll de Bob Scholtes sech “eng Legacy opbauen, wou ech da wierklech vill, vill Leit motivéiert kréien un de Sport. Am beschte vill Jonker un de Sport bréngen”. Vum Sport liewen, “wier natierlech och cool”, gëtt de Bob zou. “Mat Sponsoren, mat Coachingen, do säi Geld ze verdéngen, dat wiere schonn zwee Dreem.”
Wat et dofir brauch, fir dat z’erreechen, wat de Bob Scholtes erreecht huet? Virun allem “Duerchhalverméigen”. “Ech sinn der Meenung, wann s de wierklech eppes wëlls erreechen, da weess de och, wats de ze dinn hues a weess de, wéi eng Aarbechts de muss erastiechen, fir dat Zil z’erreechen a fir dat z’erreechen, wat ech erreecht hunn, da muss een all Dag opstoen, all Dag säi Sport maachen, also duerchzéien an och dann Aarbecht maachen, wann een net motivéiert ass.”
Hei nach emol eisen Interview mam Bob Scholtes nom Last Soul Ultra 2025: