Carte blanche vum Claire SchadeckFirwat Frae virtuell ausgedoe ginn

Claire Schadeck
An dëser Carte Blanche schwätzt d'Claire Schadeck vum CID | Fraen an Gender iwwer Sexualiséierung am digitale Raum a firwat virun allem Frae vun dëser Gewalt betraff sinn.
© RTL

Gewalt géint Fraen huet verschidde Gesiichter. Si fënnt an éischter Linn doheem statt a geet heefeg vun enger Persoun aus, déi der Fra no steet. Si fënnt awer och dobaussen op der Strooss statt, an zwar visibel fir all Mënsch. A fënnt och digital statt: Täter agéiere meeschtens anonym a gi seele fir hir Strofdoten zur Rechenschaft gezunn. Dat läit och dorun, dass et enorm zäit- a ressourcenintensiv ass, déi Mass un digitale Verbriechen nozeverfollegen an d'Bekämpfe vu geschlechtsbedéngter Gewalt net prioritär behandelt gëtt.

Carte blanche vum Claire Schadeck

Männer kréien net systematesch Vergewaltegungsphantasië geschéckt. Männer ginn och net mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz virtuell ausgedoen. A Männer ginn och seele mat intime Biller vu sech ëffentlech bloussgestallt.

Sexualiséiert Gewalt riicht sech géint Fraen. Hei geet et an de wéinegste Fäll ëm Sex oder intime Pleséier, mee vill méi ëm Kontroll a Muechtmëssbrauch. Dass dës Form vu Gewalt mëttlerweil digital méiglech ass, heescht och, dass de Risiko vill méi héich ass, gezielt zum Affer ze ginn. Et brauch keen direkte kierperleche Kontakt méi, fir sexualiséiert Gewalt ze erliewen.

Besonnesch fir Fraen, déi an der Ëffentlechkeet stinn a sech politesch engagéieren, ass et keng Seelenheet, ongefrot pornographescht Material geschéckt oder sexualiséiert Gewalt ugedréit ze kréien.

Dobäi spillt et keng Roll, vu wéi enger Partei een ass. Als Fra politesch aktiv ze ginn, ass fir déi meescht Täter Grond genuch, lass ze leeën. Et handelt sech dobäi net ëm een Zoufall, mee ëm fraefeindlech Muecht- an Aschüchterungsstrategien. Et ass ee Versuch, fir Fraen aus ëffentlechen Debatten auszeschléissen an hir Participatioun un Entscheedungsprozesser ze verhënneren. Dat ass fundamental antidemokratesch.

Mee net nëmme Politikerinne si betraff. Ab deem Moment, wou eng Fra online aktiv gëtt oder och einfach nëmmen nozesichen ass, erhéicht sech hire Risiko, vun digitaler sexualiséierter Gewalt betraff ze sinn, kontinuéierlech. Mat Bléck op déi rezent Entwécklunge vu sexualiséierten Deepfakes, kënnt dobäi, dass Fraen däitlech méi visuell a kierperbezunn an der Ëffentlechkeet duergestallt ginn, an dat mécht et ëm sou méi einfach, fir Biller ze manipuléieren.

Dass Männer dës digital Gewalterfarungen net an deem selwechten Ausmooss deelen, läit dodrun, well si an engem gesellschaftleche Kontext stattfënnt, dee Fraen däitlech méi staark op hire Kierper reduzéiert a sexualiséiert, wéi dat bei Männer de Fall ass.

Sexualitéit ass schonn ëmmer ee besonnescht wierksaamt Instrument gewiescht, fir Fraen ze demütegen, ze kontrolléieren an anzeschüchteren. Gewalterfarunge si fir Betraffener oft mat Schimmt verbonnen. Sexualiséiert Gewalt ëm sou méi.

All Grenziwwerschreidung ass eng Gewaltdot a respektéiert net déi kierperlech Integritéit. Och wa Gewalt digital ausgeüübt gëtt a kee kierperleche Kontakt stattfënnt.

Déi digital Gewalt géint Fraen ass eng Konsequenz vun der Gewalt, déi Fraen all Dag analog erliewen. An enger Gesellschaft, déi Frae mat enger Selbstverständlechkeet sexualiséiert, brauch et politesch Strategien an Instrumenter, déi et erméiglechen, Betraffener ze schützen an Täter ze bestrofen. An déi musse geschlechtersensibel ausgeluecht sinn, fir adequat kënnen op Verbriechen ze reagéieren, déi sech geziilt géint Frae riichten.

Back to Top
CIM LOGO