D'Carte blanche vum Sarah FerreiraWann d’KI eis Mënschlechkeet spigelt

Sarah Ferreira
Et geschitt ëmmer méi oft, dass Mënsche sech un eng kënschtlech Intelligenz wenden, well se sech do méi wuelfille wéi am Kontakt mat anere Mënschen - fräi vun Urteeler, Erwaardungen oder Drock.
Erëm méi Mënsch ginn, manner Maschinn.
© RTL

Doraus ergëtt sech d’Fro, wat dat iwwer eis Gesellschaft seet, wann eng Maschinn fir vill Leit zu enger Plaz gëtt, wou se dat fannen, wat se bei anere Mënschen ëmmer manner erliewen.

Carte blanche vum Sarah Ferreira

D’Kënschtlech Intelligenz lauschtert eis no, huet Gedold a wierkt empathesch - och wa se keng Gefiller huet. A gläichzäiteg gi genee déi Eegenschaften, déi mir gär als “mënschlech” bezeechen, am Alldag ëmmer méi verluer. Ass dat dann nach eng realistesch Selbstbeschreiwung - oder éischter e Bild, un dat mir gäre gleewen?

Vill Mënschen erliewen haut, datt se net wierklech gesinn oder verstane ginn. D’Reaktioune si séier, d’Urteeler haart, d’Opmierksamkeet kuerz. An esou engem Kontext ass et net verwonnerlech, datt eng KI, déi einfach do ass an nolauschtert, als méi sécher oder méi angeneem empfonnt gëtt.

Wéi ass et méiglech, datt eng Maschinn fir vill Leit méi zougänglech gëtt wéi en anere Mënsch?

Ma vläicht läit d’Äntwert net an der Technologie, mee an eisem Ëmgang mateneen.

Vläicht ass d’KI net nëmmen en technescht Instrument, mee och e Spigel, deen dat siichtbar mécht, wat eis als Gesellschaft feelt.

Se weist eis, wéi vill Wäert et huet, net direkt ze beurteelen. Gedold ze hunn. Een einfach esou ze huelen, wéi en ass - mat senge Stäerkten a senge Schwächten. Genee déi fundamental Wäerter, déi mir gären als "mënschlech" bezeechnen.

Vläicht geet et also net ëm d’Fro, ob d’KI eis eppes ewechhëlt, mee éischter ëm eng Invitatioun.

Eng Invitatioun, erëm méi no bei eis selwer ze kommen. Erëm ze léieren, aner Leit ze wäertschätzen a sech wierklech fir si ze interesséieren. Nees ze léieren, wéi ee verbënnt, amplaz ze trennen.

Well um Enn geet et net dorëms, besser ze sinn wéi eng Maschinn. Et geet dorëms, erëm méi Mënsch ze ginn.

Sarah Ferreira

Back to Top
CIM LOGO