
Een Haaptgrond heivu berout op der Fragmentéierung vum europäesche Bannemaart. Et gëtt nach net oder net méi genuch zesummegeschafft. Zu Bréissel ass ee bürokratesche Waasserkapp entstanen, dee verhënnert, bremst, an de Wirtschaftsacteure munchmol d'Flemm andreift, anstatt si ze guidéieren, ze sensibiliséieren an ze motivéieren.
Ze dacks sammele sech Reegelen a Prozeduren, déi munchmol kontradiktoresch an esouguer kontraproduktiv sinn, zu engem onverständleche Cocktail, dee vun de Betriber net méi verdaut kann ginn. Esou verbrénge si méi Zäit um Bureau mat Formulairen, Oplagen an Compliance, wéi um Terrain bei hiren Clienten oder Equippen.
Eis Betriber mussen, au contraire, ënnerstëtzt ginn, well si huelen de Risiko a schafen de Räichtum, vun deem mir alleguer profitéieren. An der Vergaangenheet goufen et nach "Success stories made in Europe" , wéi zum Beispill Airbus. Esou Erfolleger vermësse mir haut.
An hirer Ried zur Lag vun der Unioun de 16. September schéngt d'Ursula von der Leyen den Eescht vun der Situatioun erkannt ze hunn: si huet d'Dynamiséierung vun der europäescher Wirtschaft duerch een Ofbau vun administrative Belaaschtungen als Prioritéit genannt.
Verschidde Reegele kënnen op den éischte Bléck sënnvoll erschéngen. Mee wa se sech opstapelen, gëtt et séier ze vill an inkohärent. De Prinzip vun der Proportionalitéit an der Subsidiaritéit muss méi systematesch spillen.
Vläicht wier et gutt, wann d'Mataarbechter vun der Kommissioun een obligatoreschen Stage vu 4 Méint an engem Betrib absolvéiere géifen, ier si an d'Verantwortung kommen, fir Direktiven oder Reglementer auszeschaffen. Si missten och méi systematesch mat den Acteuren um Terrain schwätzen, fir besser ze verstoen, wat den negativen Impakt vun hiren Iddien op de gesonde Fonctionnement vun de Betriber kéint sinn.
Villäicht sollte se sech och inspiréieren, wat an anere Regioune vun der Welt gemaach gouf, fir ee gewëssent Zil ze erreechen, Praxis-a Léisungs-orientéiert, op Basis vu best practices, an ëmmer mam Bléck op eng nohalteg Verstäerkung vun der europäescher Kompetitivitéit.
D'Zäit spillt definitiv géint Europa. D'europäesch Decideuren an d'Memberstaate mussen elo d'Rudder ëmrappen, elo handelen, elo vereinfachen. Dat ass déi éischt Bedingung, fir dass de grousse Bannemaart besser funktionéieren an zu engem gestäerkten Europa bäidroe kann.