
Dat gouf am Sportsministère kee Moment thematiséiert geschweige dann ugepaakt. Natierlech gouf et kee fléissenden Iwwergang, keen neie Kommissär konnt ageschafft ginn.
Am zoustännege Gesetz ass dem Sportskommissär seng wichtegst Funktioun e berodende Fachexpert vun der Regierung a speziell vum Sportminister ze sinn:
Esou gesinn besteet e groussen Ënnerscheed tëscht dem Fachexpert an dem politesche Beroder vum Minister.
De Fachexpert beréit de Minister a Froen an der Saach an hëlleft him saachgerecht politesch Entscheedungen ze treffen. Den Sportexpert ass net onbedéngt kompetent an Saache vun der ugewannter politescher Strategie, kann awer léieren de politeschen a sachlechen Aspekt ze verbannen. Dat jiddefalls war meng perséinlech Erfarung.
De politesche Beroder beréit de Minister an den Aspekter:
De politesche Beroder ass a priori net Expert an deemno net kompetent an an alle Saachfroe vum Sport a kann och net nodréiglech sech dëst Fachwëssen uneegnen, fir e globale Beroder kënnen ze sinn.
Als Fazit läit op der Hand, datt béid Berodertyppe komplementar sinn an idealerweis nëmmen am Tandem kënnen oder misste funktionéieren, esou ewéi et zum Beispill bei de Ministere Krecké a Schneider de Fall war.
Eng Zukunft ouni Commissaire aux Sports bedeit dat fir déi organiséiert Sportswelt (Comité olympique a Sportfederatiounen a -veräiner) kee fachkënnege Uspriechpartner méi am Ministère ass, a keen Expert fir nei Impulser aus dem Sportsministère erauszeginn. Änleches gëllt fir aner Beräicher vu Beweegung a Sport wéi Beweegungserzéiung a Crèchen a Maisonsrelaisen, Schoulsport, Fräizäitsport, Gesondheetssport.
Wann de Sportsministère wesentlech op dee Posten verzicht da muss d’Fro erlaabt sinn, ob de Commissaire à l’éducation physique et aux sports net iwwer den Educatiounsministère, déi dringend noutwendeg Impulser am Beräich Beweegung a Sport un d’Kanner an d’Jugendlech soll a muss weiderginn, sou wéi et bis elo scho fir d’Musek de Fall ass.
RTL.lu: De Rob Thillens als Invité am Podcast “Drëtt Hallschent, De Sport-Talk”