
Léif Nolauschterer an Nolauschterinnen,
Wann elo hoffentlech geschwënn d’Covid-19-Pandemie hei am Land wäert lues a lues op en Enn goen, wäert eise Bléck sech natierlech mussen op déi sanitär a sozial Folgekäschte vum Confinement riichten, wéi zum Beispill Depressiounen, Angscht- oder Panikattacken oder och d’Konsequenze vun iwwergaangenen a wärend der Pandemie net behandelte Krankheeten.
Nodeems de Gesondheetsministère an d’Regierung d’Corona-Kris relativ gutt gemanagt a relativ erfollegräich agedämmt kruten, missten elo national wéi international definitiv déi richteg Konsequenze gezu ginn, baséierend:
An
Léif Nolauschterer an Nolauschterinnen,
Esou wéi bei dëser Covid-19-Pandemie ganz kloer och sozial an ëmweltbedéngten Ursaachen eng gréisser Roll spillen, esou ass et donieft och mat villen anere chronesch Krankheeten an Ëmweltkrankheeten, déi an deene leschten 20 Joer ëmmer méi zougeholl hunn an och scho Kanner ëmmer méi belaaschten: Allergien, Autoimmunitéit, Kriibs, Diabetis, Häerz- an Otemproblemer an och méi speziell Ëmwelt-Krankheete wéi Chemikalien- oder Elektro-Empfindlechkeet, Fibromyalgie, chronesch Erschöpfung, ADHS, Autismus an esou virun.
An dofir erlaben ech mer, am Numm vun Akut, de Gesondheetsministère an d’Regierung un de Regierungsprogramm a Saache Präventioun vun Ëmwelt- a Gesondheetsrisiken z’erënneren, un déi virgesinnen ëmweltmedezinesch Weiderbildungs-, Diagnostik- an Therapierprogrammer, an och un déi beim Südspidol geplangten ëmweltmedezinesch Klinikunitéit.
Akut war an ass konstruktiv a kompetent bereet, bei der Realisatioun vun esou engem fortschrëttlechen Ëmweltmedezinkonzept matzeschaffen.
Jean Huss
Präsident vun Akut asbl