
Well d’Leit et sech dach awer no där ustrengender Tripartite erwaart hätten, datt Steiergerechtegkeet geschaaft gëtt - op d’mannst am Usaz - mee Nee, et ass nach net de richtegen Ament dofir, sou de liberale Xavier Bettel, deen e weidere Mantra gebiet huet. Nämlech dee vum Triple A an der Staatsschold, déi ënnert de selwer imposéierten 30% ze leien huet. Eng kloer Ofso deemno un d’rout a gréng Koalitiounspartner, déi allebéid fir sozial Steiermesurë plädéiert haten a sech souguer nees mam OGBL zu enger rouder Revendicatiouns-Front zesummefonnt haten.
Keng Steierhaussë fir Betriber - “dat ass net mat dëser Regierung ze maachen”, sou de bloe Regierungschef, dee mat senger gréng ugestrachener Klimawandel-Ried en Dënschdeg an engems deen éischte Walkampf-Discours fir déi Blo gehalen huet. Eng Partei, déi jo och op den “Zesummen” pocht an op Eegeresponsabilitéit setzt.
D’lescht Joer war d’Pandemie-Ried vun de Sacrificë markéiert, déi d’Land ze leeschten huet - dat mam Titel “Eise Wee. Eist Zil”. Dëst Joer viséiert de Xavier Bettel kloer d’Réelectioun vu senger Partei. Egal wien d’nächst Joer mat an d’Regierungsboot geholl gëtt - d’Haaptsaach ass, d’Work-Life-Balance-Wuel-Fill-Politik kënne weiderzeféieren, trotz enger Staatsschold, déi weider klëmmt, mee mat Biolandwirtschaft, E-Wallet, Coworking-Espacen, Space Campus op der Kockelscheier an der Obligatioun, all Daach vun engem Neibau mat schicke Solar-Panele voll ze leeën.
D’ideologesch Schwaarzmoler vun der “Massen-Immigratioun”, déi ënnert dem Roude Léiw wëlle bleiwen, wat si sinn, goufen och vum Premier zerwéiert: op 3.750 Hektar Bauland kënnen nach 142.000 Wunnenge fir eng 300.000 Leit entstoen - de Millioune-Staat Lëtzebuerg ass also keng Illusioun méi.
Wien dann eist Land regéiert, decidéiert de Wieler op den Dag genee an engem Joer. De Xavier Bettel huet sech en Dënschdeg a sengem Etat de la Nation als oppenen, moderne Leader recommandéiert, deen anescht wéi d’FDP net wëll als Junior an eng Regierung kommen. A wie weess, mol guer net mat him als Staatsminister, well aner dichteg Bünen zu New York, Bréissel oder Genève waarden. Zu Biarritz kann dann allemol Entspanung gesicht ginn.