Verantwortung, den zentrale Begrëff vun dëser Ried zur Lag vun der Natioun
Kuerz viru 15 Auer en Dënschdeg huet de Premier Xavier Bettel mat der politescher Deklaratioun iwwer den Zoustand vum Land ugefaangen.
"Verantwortung iwwerhuelen", esou war d'Ried zu der Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel iwwerschriwwen. Et war e laange Monolog am Verglach mat deene Jore virdrun. Mir liewen an onsécheren Zäiten, domadder huet de Premier Xavier Bettel en Dënschdeg de Mëtteg d'Ried zur Lag vun der Natioun opgemaach.
An dësen Zäite wier et wichteg, Verantwortung z'iwwerhuelen: fir de Betriber an de Leit an der Kris ze hëllefen, fir géint d'Ëmweltschied virzegoen oder fir Leit opzehuelen, déi virun engem Krich flüchten. De Premier huet betount, dass de Krich an der Ukrain och eis eppes ugeet, dowéinst wäert Lëtzebuerg och weider an d'Defense investéieren.
Allgemeng ass d'Verantwortung en zentrale Begrëff an der Ried. Nodeems de Premier e Bilan vun enger gudder Krisegestioun gezunn huet, goung et ëm verschidden Investissementer fir d'Zukunft, notamment wat d'Energietransitioun ugeet. D'Regierung wier bereet, dofir vill Suen an de Grapp ze huelen.
De bestoende Bonus gëtt op 50 Prozent erhéicht, fir d'Ersetze vun enger Heizung, mat fossille Brennstoffer duerch eng méi klimafrëndlech Heizung. D'Regierung hëlleft iwwert Subsiden och deene Stéit, déi mat Pellets hëtzen.
D'Klimabonus-Aidë fir all energetesch Sanéierung ginn ëm 25 Prozent erhéicht. Vum 1. Januar 2023 u gëtt den TVA-Taux fir nei Photovoltaik-Installatiounen op 3 Prozent erofgesat an d'Degressioun bei der Entlounung ausgesat. Wann d'Bedreiwer vun enger Photovoltaik-Anlag hire Stroum selwer oder bannent enger energetescher Gemeinschaft notzen, erhale si en zousätzleche Klima-Bonus-Subside vu 25 Prozent.
Wéi genee dës Finanzéierunge sollen ausgesinn, gouf net präziséiert. Ma "et kascht, wat et kascht", esou de Premier Xavier Bettel. Dat wier en Invest fir déi nächst Generatiounen. Doriwwer eraus war et d'Ukënnegung, dass méi Photovoltaik-Anlagen op Diecher sollen installéiert ginn.
"Op all gëeegenten Daach gehéiert esou eng Anlag." Dowéinst soll et eng Obligatioun ginn, dass no enger Transitiounsphas op der ganzer Daachfläch vun all nei Konstruktioun esou eng Anlag muss installéiert ginn. Fir d'Bauen awer fir d'Leit net nach méi deier ze maachen, wéilt d'Regierung op dësem Plang deene Leit hëllefen, "déi et sech net kënne leeschten".
Och géint d'Logementskris hat de Premier eng punktuell Mesure am Gepäck. D'Wunnengspolitik dierft sech net um Profit vum Eenzelen orientéieren, esou de Xavier Bettel, mä um Wuelergoe vun der Allgemengheet.
Duerch déi nei Mobiliséierungs- a Leerstandssteier ginn d'Proprietären an d'Verantwortung geholl. D'Recht op Eegentum bleift awer erhalen. Fir d'Gemengen an de Staat bedeit dat, datt si et méi einfach sollen hunn, fir bezuelbare Wunnraum ze schafen.
Dat géif och a Steierfroe gëllen. Nieft der Ofschafung vu steierlechen Abuse mat de FIS immobiliers 2020 an dem Amortissment accéléré, deen ofgeschwächt gi war, wäert genee deen Amortissement accéléré nach eng Kéier limitéiert ginn, esou de Staatsminister. An Zukunft däerf deemno all Persoun just nach zwee Mol an hirem Liewe wärend fënnef Joer vun dësem steierlechen Avantage profitéieren. Kleng Investitiounen a Wunnenge géife weiderhin attraktiv bleiwen, ma d'Investéieren am grousse Stil géif manner interessant ginn.
Den DP-Politiker huet a senger Ried eng grouss Steierreform ausgeschloss, wéi virop de Koalitiounspartner LSAP se fuerdert. Dem Xavier Bettel no kann de Staatsbudget d'Käschte vun esou enger Reform elo an dëser Situatioun net verkraaften. Ëmmerhi géifen déi zwee Solidaritéitspäck, déi bei den Tripartitten dëst Joer decidéiert goufen, 2,5 Milliarden Euro kaschten. Zanter der Pandemie hätt de Staat 5,5 Milliarden Euro an Aidë fir Stéit a Betriber investéiert.
Nach wär d'Staatsschold mat aktuell 24,6 Prozent vum Bruttoinlandprodukt gesond. Bis 2026 kéinten et 29,5 Prozent sinn. Bis dohi misst ee sech keng Suerge maachen. Ma d'Grenz vun den ambitiéisen 30 Prozent Staatsschold wëll de Premier wuel net depasséieren. De Verloscht vum Triple A wär senger Meenung no eng Katastroph.
RTL-Artikel: Lag zur Ried vun der Natioun: Reaktioune vun der Oppositioun an der Majoritéit