
Et gi vill Zweiwel, vill Argumenter a leider och vill Roserei, wann een iwwer Elektroautoe schwätzt. Mä et geet awer kee Wee laanscht d'Elektromobilitéit, mengt d'Carine Lemmer a sengem Commentaire.
Éier mir eis falsch verstinn: Verschidde Kriticke si berechtegt. En Elektroauto ass net fir jiddereen déi richteg Léisung. De Präis, de Wäertverloscht, d'Autonomie, déi am Wanter erofgeet, d'Luedinfrastruktur an d'Fro, wou den Auto opgeluede gëtt, wann ee keng Bornen doheem huet, si reell Problemer. An och d'Produktioun vun enger Batterie ass alles anescht wéi klimaneutral.
Heiansdo huet een awer den Androck, datt et bei Elektroautoen ëm méi geet wéi ëm d'Technik oder praktesch Problemer. Et gëtt emotional an d'Reaktioune gi kategoresch. Nom Motto: Ni am Liewen en Elektroauto!
Den Auto ass fir vill Leit méi wéi just en Transportmëttel. E steet fir Fräiheet, ass och Gewunnecht an e Stéck Liewensstil. An elo kënnt eng Technologie, déi vill vun deem, wat mer gewinnt sinn, op d'Kopp stellt. Kee Motorgeräisch. En anert Fuergefill. An op eemol muss een iwwer Batterie, Luedzäiten a Stroumverbrauch schwätzen an alles plangen. Dat kann een nerveg fannen. Mä den Elektroauto soll doduerch net zum Feindbild ginn.
D'Elektromobilitéit ass am Opschwong. Den Donald Trump an héich Bensinnspräisser hëllefen dobäi. An der Tëschenzäit fueren 30% vun den nei ugemellten Autoen hei am Land elektresch. Bei ville Leit hätten d'Skepsis an d'Virurteeler nogelooss, sot virun zwou Wochen de Fenn Faber, Direkter vun der Klima-Agence. De Grond si grouss Evolutiounen. Batterië géingen halen, d'Autonomie wier eropgaangen, d'Infrastruktur ausgebaut ginn an d'Käschte generell ze iwwerblécken. D'Regierung gëtt Primmen. Elo kënnt och nach de "Leasing social" fir déi sozial méi schwaach Leit. A wien doheem ka lueden an och nach eng Fotovoltaik um Daach huet, fiert an de Summerméint gratis. A soss vill méi bëlleg.
Et gëtt sécher nach vill ze verbesseren an eng Roulotte wéilt ech (nach) net mat engem Elektroauto zéien, do muss ee scho ganz vill Kompromësser agoen, wat d'Autonomie ugeet. Mä mir kënnen net ignoréieren, datt mer eis CO₂-Emissioune mussen erofsetzen. An den Transport ass dobäi en zentrale Beräich.
Dat ass keng Fro vu perséinlechem Goût, mä eng Fro vun der Klimapolitik an dervun, datt d'Temperaturen net nach weider dierfe klammen. Et ass och eng Fro vun der Gesondheet. Manner Verbrennungsmotoren heescht och manner lokal Loftverschmotzung a manner Kaméidi. Dat heescht net, datt muer jidderee säi Verbrenner soll ofginn an en Elektroauto soll kafen. En Elektroauto léisst eise Verkéiersproblem och net. Mä mir brauchen awer e bësse manner "Elektroauto? Op kee Fall!" An e bësse méi: "Wat kann en – wat net – a wat musse mer nach besser maachen?"