
Mee wéini geet politesch Kommunikatioun an eng permanent Selbstinzenéierung iwwer? Déi Fro stellt d’Claudia Kollwelter am Commentaire vun en Dënschdeg.
D'Politiker sollen do sinn, wou d'Leit sinn. An hautdesdaags sinn d'Leit nu mol vill op de soziale Medien ënnerwee. Net verwonnerlech also, datt d'Präsens vun de politesche Responsabel op deene Plattformen zougeholl huet. Wat och net forcement eng schlecht Saach ass. Sozial Medie kënne Politik méi zougänglech maachen, eng méi direkt Kommunikatioun erméiglechen. Mee tëscht politescher Kommunikatioun a perséinlecher Selbstduerstellung gëtt d'Grenz awer ëmmer méi flou.
Wann eng DP oder LSAP Videoe posten, wou se sech op der Schueberfouer amuséieren, een déi ënnerschiddlechst High-Fiven vun den CSV Politiker op hirem Summerfest gesäit, dann huet dat héchstwéineg mat no um Bierger respektiv Politik ze dinn. Eng Reunioun gëtt haut genotzt fir e Fotoshooting, eng Rees fir e Reel, eng Auslandsvisitte fir e Post. An d'Politiker selwer ginn ëmmer méi zu enger reegelrechter Mark. Well op Instagram an TikTok geet et net nëmmen drëm, wat e mécht, mee och wat ee weist, wéi ee sech presentéiert a wéi e Bild ee vun sech selwer kreéiert.
D’Logik vun de soziale Medien ass einfach: Sief sichtbar, soss bass de séier vergiess.
Dobäi kënnt, datt d’Politik ëmmer méi op Persoune reduzéiert gëtt. Net méi d’Partei, d’Iddien oder d’Decisioune stinn am Mëttelpunkt, mee de Politiker selwer: säi Gesiicht, säin Alldag, seng Presenz, seng Reaktiounen.
Alles muss kuerz a knapp sinn, visuell, perséinlech an am beschten esou, datt et vill Opmierksamkeet kritt.
De Politiker gëtt zur Mark, de Social-Media-Account zur Vitrinn an d’Bierger zu engem passive Publikum.
Politik ass awer seele séier ze vermëttelen, net ëmmer fotogen an déi wichtegst Aarbecht ass meeschtens déi, aus där ee kee Reel erstelle kann.
E Politiker ass net méi transparent oder interessant, just well en all Dag eppes post. An e Politiker ass och net méi no bei de Bierger, just well mir en op Instagram beim Kaffi, am Fitness, op der Fouer oder op der Braderie gesinn.
D'Politiker sollen d'sozial Medien net ignoréieren, mee et soll manner sinn: „Kuckt, wou mir sinn“ a méi „Kuckt, wat mir maachen“.
Manner "Kuckt, mir sinn och ganz normal“, méi "Hei ass de Problem – an hei ass eis Léisung“.
Manner Selbst-Inzenéierung a méi Substanz!