
Mat Betounung op “nach”. Well esou ewéi d’Walverhalen evoluéiert, riskéiert a sengen Aen Europa sech nach méi an den Abseits ze beweegen. A méi schlëmm nach dat ziviliséiert Zesummeliewen nach méi penibel ze ginn.
Dat Schlëmmst, wat et gëtt, sinn déi sougenannt “Trolls”. Online-Provokateuren, dacks frustréiert, schadenfreudeg an u sech verwinnte Leit - Opportunisten dann och op der Sich no Opmierksamkeet, Klicks an ergo an der neier Welt: Suen.
Huele mer e Beispill: d’EU-Kommissiounspresidentin Von der Leyen. Ei, déi Fra gëtt an de Commentaire-Spalten op primitiivst Aart a Weis vun den Trolls reegelrecht rhetoresch zerfleescht.
Verstitt mech net falsch: d’EU-Kommissioun huet vill Kritik verdéngt a geet se sech vill ze dacks selwer sichen, genee ewéi national Autoritéiten och, wa se net liwweren, mat Floskelen, Usiichte priedegen, déi halt net méi gutt ukommen. Deels rëm wéinst der Stëmmungmaacherei um Internet. Fir fair ze sinn, muss een awer och soen, datt Bréissel den europäeschen Traitéen no nëmme limitéiert Pouvoiren huet a 27 komplizéiert Länner an enger séierer an ëmmer méi feindlecher Welt muss iergendwéi op ee gemeinsame Nenner kréien.
A “fair” ass hei d’Stéchwuert: d’verbal oder schrëftlech Attacke géint si als Symbol fir d’EU sinn et net, ofgesi vun engem Style, deen dacks ënnert aller Sau ass. Jo de First amendment – d’Meenungsfräiheet – ass fir e Journalist dat iewescht Gebot. Allerdéngs ass d’Richtegkeet an d’Verifikatioun vun de Fakten och esou helleg ewéi de Quelleschutz. An de Style ass awer och nach wichteg.
Wann ee sech virun Aen hält, ewéi Euroskeptiker, Klimaleegner, Komplottisten oder Rassisten, déi Russland gäil fannen, “Zensur” jäizen, wa se selwer kritiséiert ginn oder bei Opruff zum Haass bestrooft ginn, ewéi d'Strofrecht et virgesäit, da kann een nëmmen de Kapp rëselen. A Russland, ewéi a villen anere Länner, hätte se Mol net emol Zougank op d’Online-Plattformen, wou se sech hei ausloossen. Geschweige de Konsequenzen, wa se do op d’Strooss géint de Pouvoir demonstréiere ginn.
D’Gesellschaft huet sech splécke gelooss an dat spillt de Feinde vun der EU an d’Kaarten an au Passage den Tech-Milliardairen déi dann net musse fäerten, méi reguléiert oder besteiert ze ginn. Jo, etabléiert Parteien an der EU komme Mol “Null” eriwwer, well se net op allen Niveaue geliwwert hunn. D’Gefill ofgehaangen ze ginn, motivéiert wéi et heescht vill Wieler, AfD oder Rassemblement National ze wielen. Dobäi kommen nach d’Schlagwierder Migratioun a Sécherheet.
Rëm e Beispill vun enger eesäiteger Diskussioun a béide “Lager” soen ech Mol: et gi Problemer vun Integratioun, et gi Lieux de non droit a verschidde Quartieren an Europa (ech géing d’Gare hei nach net emol dozou zielen), et gi radikal islamistesch Organisatiounen. Dat muss bekämpft ginn, mee op ziviliséiert Aart a Weis.
Op der anerer Säit dierf een net op déi verréckt Iddi kommen d’ganz Migratioun a Fro ze stellen. Well de gréissten Deel vun de Migranten ass bëlleg Aarbechtskraaft, déi ebe grad déi, déi ëmmer no den ze deiere Präisser jäizen, brauchen.
“Le beurre, l’argent du beurre et le sourire de la crémière” – de Botter an d’Geld vum Botter: Déi Selbstverständlechkeet, e Recht op alles ze hunn. Dat nennt een op Englesch “Entitlement”. Ma fir wien hale mir eis eigentlech, wa mir ëmmer nëmme méi froen op engem Kontinent, dee selwer keng grouss Matière-Premièren huet, mee eng méi héich Kafkraaft ewéi vill anerer ?
Bref: Et soll een alles kritiséieren, mee dann och déi aner Klack hannerfroen ewéi déi éischt Klack.
Virun allem sech dobäi selwer och am Spigel kucken.
A sech op dat Wesentlecht konzentréieren: Wéi schaaft een en nohaltege sozio-ekonomesche Modell?