
Ee ben dat kéint een roueg esou formuléieren wann een den Daach nom Handballfest d’Rechnung mëscht. 20 Euro kascht d’Entrée mëttlerweil fir bei engem Handballmatch an der Coque dierfen mat dobäi ze sin… Entschëllegt, 15 Euro dann däerf een mat dobäi sinn, sech awer net setzen..! Als Beispill sief bemierkt, dass ech een Ticket fir den Match THW Kiel géint den FC Barcelona schonn ab 19 Euro kréien. Beandrockend Präisser wou een mëttlerweil fir sportlech Evenementer an Lëtzebuerg bezilt, déi mech schockéieren an wou mir Gedanken maachen… Hellt een dann den Parking an eppes ze drénken dobäi ass een relax op 30 Euro. Drënner ass praktesch net méi méiglech. Sinn mer well op deem Punkt, dass Famillen eventuell op Saachen mussen verzichten fir, dass Si mat hiren Kanner eng Hallef- an anschließend eng Handballfinal zu Lëtzebuerg kucken kennen goen ? Stellen sech déi Verantwortlech absolutt keng Froen iwwert Präisser wou se den Léit froen fir sportlech Evenementer ? Si mer well op deem Punkt, dass d’Selektioun vun den Supporter duerch Präisser virdefinéiert gëtt ? Dann kann een sech och froen an wéi fern et nach em den Sport an em d’Saach geet ? Eigentlech soll Ziel sinn méiglechst vill Léit an eng Hal ze kréien fir d’Sportler déi haart an vill trainéieren ze ënnerstëtzen. Fir dem Sport duerch allmeiglechst Supporter een Wäert ze ginn. Fir d’Sportler ze belounen an den Handball populär ze maachen. Den Sport dozou ze Benotzen Léit zesummen ze bréngen an zesummen een flotten an sportlechen Moment ze erliewen EGAAL mat wéi engem sozialen oder finanziellem Hannergrond !