
„Die Welt wird nicht bedroht von den Menschen, die böse sind, sondern von denen, die das Böse zulassen.“
Sou de Pantheist Albert Einstein. An dat philosophëscht Zitat vun deem grousse Wëssenschaftler, deen d’Weltbild am Alter vu 26 Joer mat senger Relativitéitstheorie revolutionéiert huet, soll hei an engem héichaktuelle Kontext Sënn maachen. Een Zesummenhang, deen an dësen delikaten Zeilen vun engem bescheidenen Auteur, deen awer schonn sou muncherlee matkritt huet, soll thematiséiert ginn.
Mä virun där „Geschicht“, déi hien hei wëll zesummefassend erzielen, sief een Textpassage aus dem Jhemp Hoscheit sengem leschte Roman „Wootleche Krich“ zitéiert. Méi genee dee bedauerleche Beräich betreffend, mat deem sech d’kathoulësch Kierch weltwäit befaasse muss an deen och hei am Land leider méi wéi just nëmmen „aktuell“ ass…
An deem viséierten, exzellent geschriwwene Roman musse sech e puer Massendénger virun enger Persoun, déi dem Herrgott dénge soll, an Uecht huelen. Wéi d’Mooss dunn absolut voll war, an eng Fra aus dem Roman de Courage hat, an dat (Zitat) „ an hirem Wëllen , der Saach bis op de Fong nozegoen an eppes z’ënnerhuelen, dee se mol eng Kéier geholl, awer ni erfëllt hat, gestäerkt“, a si mam Zuch an d’Stad gefuer war, well si eng Entrevue mam Bistumssekretär, dem Här (an hei nennt de Romanschrëftsteller een Numm vun engem nach liewenden, héich respektéierte Bistumsvertrieder) ugefrot an och kritt hat. Deem seng alleréischt Fro, nodeems se him alles erzielt hat, war, ob scho vill Leit an der Por eppes dovu gewuer gi wären.
„E puer schonn“, hat si gesot, an den Här (…) hätt si wëllen aschüchteren a se gewarnt: „Vun elo un dierft Der kengem méi eppes dovun erzielen.“ – „Wéi?“, hat si gefrot, „an dann huet d’Saach sech? Gras iwwert dat Ganzt wuesse loossen? Kee Pardon bei den Affer?“ De gudde Ruff vun der Kierch stéing um Spill, hat den Här (…) doropshi gesot, Gott eleng géif jugéiere, si géifen dat awer intern géréieren. Méi hätt en net gesot. (…) Enn vum Textzitat …
Et gëtt awer nach eng aner „Geschicht“ vun deem Béisen, dat sech déi Hären erlaabt hunn, deenen hir Doten zu där Zäit vu „Gott eleng jugéiert“ goufen, am Marienland ofgespillt soll hunn….Grad esou „fiktiv“, wéi dem Jhemp Hoscheit seng Romangeschicht? Dat sief da mol dohigestallt….
Et gouf een Duerf am Süde vum Ländchen, wou een Här Paschtouer am Paschtouëschhaus net sou ganz eleng gewunnt soll hunn. Hien hätt sech – aus Matleed an aus purer Nächsteléift a fir d’Famill z’entlaaschten an déi och finanziell z’ënnerstëtzen – ee jonke Bouf vun enger aarmer Insel aus dem franséischen Iwwerseeterritoire „matbruecht“. Säi speziellt Zesummeliewe wär allgemeng bekannt gewiescht – seng sexuell Neigungen awer net oder si goufen absichtlech ignoréiert – an dem Jong zum Verhängnis fir säi ganzt Liewen. Hien huet als jonke Mann ënner batteren Tréinen seng Liewensgeschicht am Vertrauen erzielt – et huet een him ofgesinn, wéi schlëmm dat fir hie war. Wéi wann dat alles net u sech scho schlëmm genuch gewiescht wär, wann „den Här“ hien a sengem Bett „besicht“ hätt, sou wären no senger fuerchtbarer „Geschicht“ och nach aner Männer aus dem Duerf a spezieller Absicht bei hie komm – Hären, déi dann duerno bei hir Fraën an d’Bett gekroch waren…Den Här hat dem Jong jiddefalls nach eng Aarbechtsplaz besuergt an hie konnt ab engem gewëssen Zäitpunkt säi Liewen eegestänneg gestalten, bis hien du schwéier krank gouf a rëm a seng Heemécht zréckgaang ass. Dem Paschtouer ass näischt geschitt an alles ass haut …verjärt ! Dee jonke Mann hat sech ni getraut, seng batter Liewensgeschicht offiziell un déi zoustänneg Autoritéite weiderzeleeden…Wéi hätt hien och alles bewisen? Ween hätt him och scho gehollef? Alles just eng Geschicht, alles Fiktioun?
Haut ass d’Catholica méi wéi gefuerdert, sech endlech mat hirer batterer Geschicht a puncto méi wéi verhonzter Sexualmoral an hire battere, jo kriminelle Konsequenzen ze beschäftegen. Mä ee Gefill gëtt een als Beobachter vun deem Ganzen awer net lass, wann een hir Optrëtter an de Medien an deene leschten Deeg verfollegt: déi kathoulësch Kierch schéngt sech selwer als „Affer“ ze gesinn, ouni awer zouzeginn, datt si selwer net nëmmen an der Konsequenz, mä och an der Uersaach déi Schëlleg sinn. „Mir mussen derduerch, et ass wouer!“ sou den Eerzbëschof, dee vun „Null Toleranz“ schwätzt…A weider? Wat elo awer konkret soll geschéien, dat däerf ee sech weiderhinn froen…
Och de Poopst Franziskus huet keng konkret Moossnamen genannt, wéi dann elo déi Verbriechen (an d‘ Vertuschen dervun) bekämpft solle ginn. Dat wëll hien awer an enger „Motu Proprio“, engem päpstlechen Dekret, ganz geschwënn nohuelen….
Mä d’Affer, besonnësch awer déi, déi dat, wat hinnen ugedoe ginn ass, bis elo (nach) net mëttels Plainte offiziell gemaach hunn, déi léisst een an hirem Leiden eleng…
Frank Bertemes