Lieserbréif vum Edgar KohnOppene Bréif vun engem Cannabis-Patient

RTL Lëtzebuerg

« edgar kohn, schmerz/cannabis patient an koenstler,

Ech sin gesondheetlech zenter iwwer 30 joër laang mat extremer pëng weinst enger nervenschiedegung am reckenmuerch geploot, dei onbehandelbar an net operabel as, ausserdem hat ech 2 mol kripps, mat chimio etc, ech sin zenter 2009 cannabis patient, setzen mech zenter mei wei 10 joër vir de medizineschen gebrauch vun cannabis an, hun eng rei « offen breifer » etc an den 2010er jöeren geschriwwen plus ageschriwwen breifer un den demolegen gesondheetsminister.

Mir as de gebrauch vum canbabis aus der hollännescher abdikt innoffiziell erlaabt gin, den ech dun zenter hir vun engem neurolog aus daeitschland verschriwwen krout, den cannabis mat dem numm « bedrocan » vun der marque « bedrocan » (23%thc 1%cbd) huelen ech deeglech, ouni nirwenwierkungen, zenter 2009, ech war elo, well d’gesetzgebung sech, endlech, hei am land geännert huet, den 21.01.2019 bei maein hausdokter, den grad vun der « cannabis ausbildung » koum, vir mer den medizinneschen cannabis verschreiwen ze loossen,

Hien huet mir spontan den « klenk 18/1 » verschriwwen eng e bessen mei liicht sorte wei « bedrocan » awer dei eenzeg mei staark dei ze kreien wär, obwuel, wei maein dokter mer soot, haetten sie um « cannabis seminaire » versechert kritt dass alles verfügbar wär.

Ech sin dun mat mengem rezept (fir 1 mount a 3gramm pro dag « klenk 18/1) » an d’abdikt vum spidol am norden vum land gang, wou ech dun mat erstauntenen aaen gekuckt gin sin an gesot krout: dat wier jo dat « staarkt » an esouvill dovun, do hun ech der persoun vun der abdikt missen erklären wat meng leiden sin an dass 3gramm vir mech 10 inhalatiounen vun 0,3gramm an 18stonnen sin, wat net vill ass wann een dat mat « rekreativem » konsum verglaeicht, een schmerzpatient gedd net « high » den oennerstetzt jhust saein « endocannabinoiden system » en tankt also seng schmerzrezeptoren no, et koennt een net zum « high » ausser et iwwerdoseiert een staark an dann gedd een midd an et schleift een, dat as meng perseinlech jorzingtelaang erfahrung.

Jhust hei am land hun ech oemmer nach d’gevill et gedd een vir een « junkie » gehal, suguer an der abdikt oder vuncverschiddenen dokteren an « experten » an « spezialisten », mais, vir ob maein rezept, dat ech den 21.01.2019 angereecht hun, zereck ze kommen, ech warden bis haut, genau een mount duerno, nach oemmer drop, d’rezept dat ech kruut (an dat an der abdikt abehalen gin as!) as mettlerweil no 21 deeg oofgelaaf, ech hun keen aneren medizinneschen cannabis vun « bedrocan » mei, d’abdikt kann och keen « bedrocan » bestellen, hei am land gedd et dofir (nach) keng« autorisation de mise en circulation »

Ech (an bestoemmt och anerer) sin awer an enger reeller gesondheetlech prekärer situation an villen mech mat mengen schmerzen eleng gelooss, vum ministère an den falschen verspiechungen dei den medizinner, den abdikter, de patienten an den medien gemach goufen, et as schein als minister koennen ze behaapten alles waer a bester uerdnung an d’realitaeit vun den betraffenen as total eng aner an deet och nach wéi! et brengt een derzou sech gedanken iwwer eng plainte weinst « non assistance a une personne en danger » an « coups et blessures » geint den responsabelen ministere ze machen, et kann dach net sin dass den staat seng bierger leiden leisst!

Oder sin ech elo, als patient, gezwongen ob den« schwarzmaart » ze goen, mais dann verlangt den staat jo vun mer mech als patient ze kriminaliseieren,,, »

--
Edgar Kohn. Artist

Back to Top
CIM LOGO