Lieserbréif vum Pol SasselPicadilly ass och Alkohol

RTL Lëtzebuerg
Vill Froe stelle sech elo ?

RTL mellt: «Op RTL-Nofro hi confirméiert de Parquet e Méindeg de Moien, dass et de Weekend um Picadilly zu Stadbriedemes zu engem Viol koum. *De Parquet hat ugangs kommunizéiert, et wier um E-Lake-Festival gewiescht. Dat stëmmt net. Déi sexuell Aggressioun soll um Picadilly gewiescht sinn. D’Police wier um 3 Auer an der Nuecht op de Sonndeg alarméiert ginn. Beim Affer handelt et sech ëm eng Jonk Fra vun 17 Joer. D’Enquête leeft.»

Ech si mir voll bewousst dat mein Bäitrag, elo grouss Diskussiounen bei de Frënn vun sou Fester ausléisst!
Elo kéinnen se jo och son, den Aalen do get jo nët méi raus, den hot gudd schwetzen!

Awer ech wees och, dat grad sou Fester, direkt dozou animéieren zum Konsum vun Drogen.
Jo Drogen as nët just Hasch an Schlëmmeres, jo Alkohol steet do nët besser!
Och dat as eng Droge!

« Einfach mol googeln* - Hei mäin Resultat: *Wichtigste Erkenntnis: Alkohol ist mit Abstand die tödlichste aller Substanzen, gefolgt von Heroin, Kokain und Nikotin. »

Déi wou dat nët glewen, sollen sech mol an eiser Spideeler emfrouen, respektiv an de Psychiatrie’en vun den Spideeler, wéi schlëmm och eng Alkoholsucht as.

An wann vill Alkohohl am Spill as, gerouden bei verschidden Leit hire Geescht an och hir Trieber ausser Kontroll.
Nët just aleng Fahrkenntnis vun den Autoschauffeuren.
Et können och sou vill Transportmëttelen ugebueden gin oder Verkéierskontrollen gemmach gin, et as awer nie ausgeschloss, dass nach Chauffeuren sech mat ze vill Intus hannert Steier setzen!

Sëcher ech well kengem de Spass verbidden, ech kann dat jo och nët als Privatpersoun (pas de soucis), an ech wess och dat op der Mousel de Wein bal hëlleg as, en get jo och geseent an de Kierchen (zu Greiweldéng).

Wann dann emol rem
alles gud ausgang as, dann schwetzen Fans schon rem vun der nächster Editioun!

Jo et get awer nu mol nët ëmmer alles gud aus, an elo as et och nët gud ausgang, an zwar mat enger Vergewaltigung vun engem jonken Meedchen!

Ech well dat schéint lëschteg Fest, elo son ech dat och mol, och nët verdeiwwelen, seng Musek an den Amousement sin jo gefrot, awer et misst mol villächt iwert den massiven Ausschank vum Hapt-Akteur vum Fest nogeduecht gin?
Ech wees et as schwéier aus engem Sauffest, eng Milkfest ze man. Et gin och nach sou ähnlech Fester uechter Land, do as dann oft de Béier Tromp!

As dat eng Léisung? - Einfach näscht man, an emmer just ofwarden, dat alles gud get?

Et as nët einfach haut, och schon op aneren Platzen, ewéi an verschiddenen Platzen hei am Land wéi op der Stater Gare, der Ettelbrecker Gare an nach anerer, an dat och zu bal 100% just durch de Drogenkonsum, resp. den Alkoholkonsum.
Do sën dann och divers kriminell Akten ewéi Kläppereien, Messerpikkereien, Vandalismus, Déifstall an Schlëmmeres op dem Menu vun der zuständiger Policepatrouille.

Haptfro as a bleiwt, wéi gedenken Autoritéiten mat dem
Emgang vun all den Drogen, sech an Zukunft ze positionnéieren?

Déi Positioun déi zum Emgang mam Cannabis ergraff gouf, war dozou schon mol e ganzt falscht Zeechen!

Dat as sech d’Sach ze einfach gemach!

Back to Top
CIM LOGO