
Déi lokal Demokratie ass déi direktst Form vun Demokratie an déi, déi dem Bierger am noosten ass. Um Gemengenniveau ginn déi Decisioune geholl, déi den Alldag vun all Mënsch am Meeschten beaflossen. Doduerch stellt sech eng einfach Fro: wéi kann ee rechtfäerdegen, datt Jugendlecher ab 16 Joer, déi direkt vun dësen Decisioune betraff sinn a wëllen drun deelhuelen, net d’Méiglechkeet hunn dat ze maachen?
Den Jugendlechen d’Walrecht ginn ab 16 Joer ass eng Iwwerzeegung, déi ech als President vum Jugendparlament wärend mengem Mandat 2023–2024 vertrueden hunn, an haut, als Persoun déi sech zanter mengem 15. Liewensjoer politesch engagéiert, bleiwen ech bei dëser Iwwerzeegung.
Mee dës Meenung ass net nëmme meng. Si ass och déi vu 40 Buergermeeschter aus dem ganze Land, aus alle politesche Parteie, déi een oppe Bréif zu dësem Thema ënnerschriwwen hunn an d’Walrecht ab 16 Joer verdeedegen.
D’Gemeng ass den éischte politesche Raum, mat deem e Bierger konfrontéiert gëtt. Et ass an der Gemeng, wou sech d’Relatioun tëscht politescher Entscheedung a konkretem Alldag am stäerksten weist. Jugendlecher tëscht 16 an 18 Joer verbréngen do de gréissten Deel vun hirem Alldag. Si benotzen den ëffentlechen Transport, besichen d’Schoulen an d’kommunal Infrastrukturen, huelen u kulturellen a sportlechen Aktivitéiten deel a si direkt betraff vun Entscheedungen iwwer Mobilitéit a Raumplanung. Dës Jugendlecher si an all Sënn vum Wuert aktiv a engagéiert Bierger.
Ech wéilt dobäisoe, datt d’Verbonnenheet vu Jugendleche mat hirer Gemeng dacks ënnerschat gëtt. Vill sinn do opgewuess, liewen zanter hirer Gebuert do a kënnen hiert lokal Ëmfeld dacks besser wéi erwuesse Leit, déi eréischt viru kuerzem dohi geplënnert sinn, awer trotzdeem d’Walrecht op Gemengenniveau hunn.
Ech refuséieren komplett d’Bezeechnung vun enger “net-engagéierter Generatioun”, déi eis dacks ugehaange gëtt, an d’Iddi, datt d’lëtzebuergesch Jugend sech net fir d’ëffentlecht Liewen engagéiert. Am Géigendeel: d’lëtzebuergesch Jugend hëlt un Debatten deel a engagéiert sech staark an all de Beweegungen an Organisatiounen, déi si zur Verfügung hunn. Am Jugendparlament, an de Kannergemengeréit, an de Commission consultatives de la Jeunesse oder och a schouleschen an associativen Initiativen, fir nëmmen e puer ze nennen. Et ass kloer: dës engagéiert Jugend verlaangt eppes: datt hiren Asaz méi Visibilitéit an Unerkennung kritt.
Et ass evident, datt den Interessi vun de Jugendlechen do ass. D’Jugend wëll eis Gesellschaft matgestalten duerch Engagement. Wat feelt, ass d’Verankerung, d’Recht, tatsächlech un der Demokratie deelzehuelen.
Haut sinn déi existent Participatiounsforme meeschtens consultativ. Si erlaben et sech auszedrécken, mee net Decisiounen ze huelen. Participatioun ouni Stëmmrecht bleift limitéiert. D’Walrecht ass déi eenzeg Form vun direktem a politeschem Afloss.
Ee vun den heefegsten Argumenter géint d’Walrecht ab 16 ass déi angeblech ongenügend politesch Maturitéit. Dëst Argument hält awer weder der Observatioun nach dem internationale Verglach stand.
D’Bildung huet sech zu Lëtzebuerg wesentlech entwéckelt, notamment dank dem Asaz vum „Zentrum fir politesch Bildung“, vum „Jugendrot“ an dem „Service national de la Jeunesse“. D’Jugend huet haut e reelle Bagage u Wëssen zur Verfügung.
Ausserdeem gëtt d’Liewensphas tëscht 16 an 18 Joer ëmmer méi als Iwwergangsphase zur Biergerschaft. Jugendlecher kréie schrëttweis méi Rechter a Verantwortung: si kënne schaffen, de Führerschäi maachen, iwwerhuelen administrativ Verantwortung a bleiwe bis 18 Joer schoulflichteg.
Dobäi kënnt, datt Erfarungen aus anere Länner weisen, datt jonk Wieler weder méi beaflossbar nach manner rational si wéi Erwuessener. Politesch Maturitéit ass keng Fro vum Alter, mee vun Expositioun, Bildung an Interessi. Facteuren, déi bei der lëtzebuergescher Jugend scho wäit verbreet sinn.
A verschiddenen däitsche Bundeslänner, an engem Schwäizer Kanton, an Éisträich zanter 2007, an der Belsch bei den Europawalen, an anere Länner, ass d’Walrecht ab 16 e integralen Deel vun der demokratescher Realitéit.
Schliisslech gëllen d’Gemengewalen net em abstrakt Ideologien, mee konkret a praktesch Entscheedungen. Et ass genee dee politeschen Niveau, wou d’Jugend am direktste betraff ass, well en hiren Alldag beaflosst.
Dobäi kënnt, datt d’Gemengewalen all sechs Joer stattfannen. Duerch d’Struktur vum Wahlsystem läit den Duerchschnëttsalter vun der éischter Participatioun bei ronn 21 Joer, a vill Jugendlecher mussen nach méi laang waarden: wien knapps no de Gemengewalen 18 Joer gëtt, ka mat 23 Joer seng éischt Stëmm a senger Gemeng ofginn. E Walrecht ab 16 géif dësen Duerchschnëtt op ronn 19 Joer erofsetzen.
An dëser Logik géif d’Aféierung vum Walrecht ab 16 eng Iwwergangsphase an der Demokratie schafen, an där Jugendlecher Demokratie erliewe kënnen, ouni gläichzäiteg enger Walflicht ënnerleien ze mussen.
Lëtzebuerg huet sech bei dësem Sujet am Referendum vun 2015 géint dës Aféierung ausgeschwat. Mee 11 Joer méi spéit ass et néideg, d’Debatt nei opzemaachen, mat allen Erkenntnisser an internationale Beispiller, déi sech zanterhier erginn hunn. Et muss een sech géint d’Art a Weis wieren, wéi de Referendum vun 2015 dacks als permanent Argument géint all Reform benotzt gëtt. D’Situatioun vun haut ass nämlech net méi déi selwecht. Et sinn 11 Joer vergaangen, an de politeschen Engagement vun der Jugend huet sech däitlech weiderentwéckelt. 11 Joer nom Referendum ass et méi kloer wéi jee: déi bescht Bildung, déi mir de Jugendleche kënne ginn, ass d’Verantwortung vum Wahlrecht.
Mir musse refuséieren, de Referendum als permanenten Blockage vun all Reform ze benotzen. Eng lieweg Demokratie entwéckelt sech weider. An et ass essenziell, datt de Referendum net als Ersatz fir eng grëndlech Debatt benotzt gëtt. Eng esou wichteg demokratesch Fro verdéngt méi wéi e Refus wéinst “Inertie”.
Et ass Zäit, datt politesch Parteien a Perséinlechkeeten dës Fro opwerfen an debattéieren. Et geet ëm eng wichteg Fro, déi de Wieler duerch d’Programmer vun de politesche Parteie bei de nächsten nationale Wale sollt virgeluecht kritt.