
39 Ënnerschrëften. Manner ewéi d‘Hallschent vun de Gemengemammen a Pappen ënnerstëtzen d'Initiativ bis elo offiziell mat hirem Numm. Den Droitstudent a Member bei de jonken Demokrate Sam Elsey hält drop, dass hien an d'Lana Despotovic mat hirer Initiativ Geschicht geschriwwen hunn.
"Mir haten nach ni esou vill Buergermeeschteren, déi sech zesummen zu engem Thema offiziell positionéiert hunn."
Haaptsächlech liberal, sozialistesch a gréng Buergermeeschtere sinn op der Lëscht ze fannen. D'Initiativ huet als Haaptzil den Tabu vun 2015 ze briechen, erkläert de Sam Elsey:
"2015 hate mir e Referendum. Dee war menger Meenung no méi eng Fro, ob d'Leit deen Ament mat der Gambia-Koalitioun d'accord waren an net onbedéngt iwwer d'Thematiken, déi beschwat goufen. Et gouf deemools eng grouss Fro gestallt an zwar d'Walrecht vu 16 Joer u fir all d'Walen. Et goung direkt ëm alles. Dat huet ville Leit Angscht gemaach."
Mat engem Walrecht - net enger Obligatioun - fir Jonker vu 16 a 17 Joer fir d'éischt bei Kommunalwalen, wär d'Iwwerwannung méi kleng, argumentéiert de Sam Elsey. De Student kennt d'Bedenke vu Skeptiker, mat 16 wär een nach net räif genuch fir d‘Responsabilitéit vun engem Wieler z'assuméieren.
"Et ass awer e Fait, dass Lëtzebuerg bei der politescher Bildung anere Länner wäit viraus ass, wou et e Walrecht, oder esouguer wéi an der Belsch, eng Walflicht gëtt. Am internationale Vergläich hu mir eng ganz gutt demokratesch Educatioun."
Am Ausland géif een och gesinn, wat geschitt, wann een déi Jonk op hirem Wee an d'Erwuessenewelt net eescht hëlt, hinnen näischt zoutraut.
"Dowéinst gi si dann op d'Strooss, dowéinst maache si Saache futti, dowéinst gi si bei d'Populisten", seet de Sam Elsey, D'Deklaratioun, signéiert vun 39 Buergermeeschteren, geet ënnert anerem un d'Chamber, d'Parteien an de Gemengesyndikat. Déi zwee Ex-Presidente vum Jugendparlament hoffen op en neien Debat, an dass déi 16 a 17 Joer al Biergerinnen a Bierger da schonn 2029 eng éischte Kéier bei de Gemengewalen dierfen ofstëmmen.