Déi ganz Woch iwwer hu mir Kierfechter virgestallt. A mir presentéieren e Reportage, datt elo och Laie Begriefnisser halen duerfen, wa se e Cours maachen.

Op Allerhellgen an deen Dag drop op Allerséile goufe jo d'Kierfechter uechter d'Land geseent. All déi Leit, déi da besonnesch un hir Verstuerwen denken, rëschten d'Familljegraf jo och extra hier. Wat d'Katholiken zënter laanger Zäit als Traditioun hunn, gëllt awer net fir all d'Reliounen.

Dës Woch iwwer proposéiere mer Iech eng Serie mat Geschichten iwwer Griewer, iwwer den Ëmgang mam Doud an iwwer populär, mä och verloossen an éischter onbekannt Kierfechter - an och iwwer aner Aspekter wéi Begriefniszeremonië vu Laien ... Eng Serie vun RTL Radio an RTL Télé Lëtzebuerg, nozeliesen, nozelauschteren, nozekucken op RTL.lu.

8. Däitschen Zaldotekierfecht a Clausen (Video)

200 Joer Geschicht verstoppt a Clausen: Geschicht pur ass dat hei, Festungs- a Militärgeschicht, kee Proff, keen Historiker kéint se besser erzielen ... dat maachen d'Placken, déi hei hänken, an net nëmmen un Zaldoten erënneren, déi hei gestuerwe sinn, mä och un d'Joerzéngten tëschent dem Wiener Kongress, 1815, an deem 1867 zu London ...

Serie Kierfechter: Däitsche Militärkierfecht a Clausen
Deel 5 vun der Tëlee: 200 Joer Geschicht verstoppt a Clausen ... virun allem Däitscher leien hei, aus der Festung, déi deemols de Preisen hir war ...

Virun allem Däitscher leien hei, aus der Festung, déi deemools de Preisen hir war, mä och eng Partie franséisch Mercenairen an Hollänner - well si haten zu Lëtzebuerg d'Soen ...

Niewendru leien 263 däitsch Zaldoten, gefall, 1940, op der Grenz mat Frankräich.

Fir d'Preisen, déi am 1. Krich ëmkomm sinn, goufe keng 205 eenzel Kräizer opgeriicht. U si erënnere Placken, direkt no der Entrée vum Kierfecht, an déi 3 Mol 3 déck schwaarz Kräizer, déi vum "Volksbund Deutsche Kriegsgräberfürsorge" opgeriicht goufen.

1815 bis 2017 - eng laang Zäit, si huet de preiseschen Zaldotekierfecht zu deem gemaach, wat en haut ass ... op alle Fall derwäert, e kucken ze goen.

7. EXKURS: Laien dierfen offiziell Begriefnisser halen (Audio)

Well et hei zu Lëtzebuerg net méi genuch Paschtéier gëtt, däerfen elo och Laie Begriefnisser halen. Dofir musse si awer an e Cours goen.

Wat souzesoen aus enger Nout eraus entstanen ass, huet elo virun Allem am Ausland grousse Succès. An Däitschland an a Frankräich ass et scho méi laang, datt Laie Begriefnesser kënne leeden. Zanter e puer Joer ass dat och hei zu Lëtzebuerg de Fall.

AUDIO: Laie fir Begriefnisser (1/2) - vum Danielle Goergen

2014 war déi éischt Formatioun hei am Land, fir als Laie Begriefnesser kënnen ze leeden, Grond heifir war de Mangel u Paschtéier. Zwee Joer huet dat Ganzt gedauert. D’lescht Joer dunn huet den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich den 19 Fraen a Männer, déi d'Course besicht hunn, d’Erlaabnis ginn. Mä kann dann elo jiddereen als Benevole Begriefnesser leeden?

D’Renée Schmit, theologesch Mataarbechterin am Bistum, huet de Cours deemools gehalen. "Déi Leit maachen dat op Gronn vun hirer Daf. Si sinn een Deel vun der Gemeinschaft a si goufe geruff, dat heescht, am Kader vun enger Por ass e Paschtouer oder eng Pastoral-Equipe, déi Leit sichen, fir ze soen: wier dat näischt fir dech?", erkläert si.

Et muss een also gefrot ginn. De Cours selwer besteet aus 12 Modullen, mol theoretesch, mol méi praktesch. Obschonns d’Struktur vum Begriefnis-Ritual fixe ass, kënnen d’Laien och alt mol e Lidd oder e Meditatiounstext mat erabréngen. Motto vun dësem Projet ass, datt d'kierchlech Gemeinschaften hir Doudeg begruewen.

"D'Begriefnispastoral ass e ganz wäertvollen Déngscht. E Wierk vun der Barmhäerzegkeet. D'Leit këmmere sech ëm hir Doudeg, wéi dat am Ufank vun der Kierch och de Fall war. Domat hu si een Ausdrock vun hirer Hoffnung op dat éiwegt Liewe ginn", sou d'Renée Schmit.

Déi 19 Laie sollen net nëmmen d’Begriefnesser halen, mä och d’Famill an hirer Trauer begleeden. Déi nächst Formatioun ass fir September 2018 geplangt.

AUDIO: Laie fir Begriefnisser (2/2) - vum Danielle Goergen

6. Siichenhaf: E Kierfecht fir d'Bons-Malades vu Bouneweg (Audio)

VIDEO: Siichenhaf: E Kierfecht fir d'Bons-Malades vu Bouneweg
Et ass een vun den eelste Kierfechter an der Stad, a wuel och deen eenzegen am Land, duerch deen en Zuch fiert.

Ëm e ganz normale Kierfecht an der Stad geet et am 6. Deel vun eiser Serie. Dat ass awer just op den éischte Bléck richteg, well de Siichenhaf a seng Griewer hunn am Fong ganz Spezielles a Kuriéises ze zielen. Esou ass den Terrain vum Kierfecht am 19. Joerhonnert einfach emol an Zwee geschnidde ginn, well d'Schinne Richtung Miersch genee heihinner hu misse geluecht ginn. Dat ass awer nach laang net déi Bescht vun dësem Kierfecht, deen ee vun den eelsten ass, aus der Stad.

AUDIO: Serie Kierfechter: Sichenhaff / Reportage Monique Kater

5. Kierfecht fir Moslemen: Märel, mat Vue op Mekka (Audio a Video)

VIDEO: Serie Kierfechter: Moslemesch Kierfechter
Deel 4 vun der Tëlee: D'Moslemesch Communautéit zu Lëtzebuerg hätt gären en eegene Kierfecht. Aktuell si si op dräi Verschiddener hei am Land verdeelt.

Si wiere frou, en eegene Kierfecht ze hunn, ginn awer och eens, mat deenen 3 Parzellen, op deenen d'Memberen aus hirer Glawensgemeinschaft kënne bäigesat ginn! Mir schwätze vun de Moslemen hei am Land. Hir Griewer stinn op eegene Parzellen, op 3 Kierfechter am Land: Märel, Esch Lalleng an zu Betzder, an awer hu si eege Reegelen an Traditioune bei Begriefnesser a generell am Ëmgang mam Doud.

AUDIO: Serie Kierfechter: Moslemen / Reportage Monique Kater

4. Däitsche Militärkierfecht zu Sandweiler: Schwaarze Granit a Kannerstëmmen (Video)


En ass net grad esou onbekannt wéi de Clausener Malakoff, dee mer Iech e Méindeg an eiser Serie iwwert d'Kierfechter virgestallt haten, mä leit dofir grad esou verstoppt an engem Bësch bei Sandweiler.

VIDEO: Serie Kierfechter: däitsche Militärkierfecht
Deel 2 vun der Tëlee: Den däitsche Militärkierfecht ass zu Sandweiler ... no beim amerikaneschen.

No beim amerikanesche Militärkierfecht sinn iwwer 10.000 däitsch Zaldote begruewen. Gefall sinn déi Meescht um Enn vum zweete Weltkrich, am Wanter/Fréijoer 44/45, am Dräi-Länner-Eck Lëtzebuerg-Belsch-Däitschland a no a no goufe se op Sandweiler bruecht. Et ass e Kierfecht, deen e bësse vergiess schéngt, deen awer, grad, wéi déi däitsch Zaldote-Kierfechter an deenen anere bal 100 Länner op der Welt, fir de Fridde soll schwätzen.

3. Amerikanesche Militärkierfecht zu Sandweiler (Audio a Video)

RTL

© Monique Kater

Ronn 5.200 Doudeger an dorënner eng eenzeg Fra. D’Nancy J. Leo war eng Infirmière am Zweeten Weltkrich. Zanter dem Juli 1945 läit si um amerikanesche Militärkierfecht zu Sandweiler begruewen.

AUDIO: Serie Kierfechter: US-Kierfecht - Rep. Danielle Goergen
VIDEO: Serie Kierfechter: amerikanesche Militärkierfecht
Deel 3 vun der Tëlee: Den amerikanesche Militärkierfecht zu Hamm

2. Judde-Kierfecht zu Ettelbréck (Audio)

Wousst dir dass et zu Ettelbréck eng Synagogue steet? Déi eelsten iwwregens an eisem Land. Si ass en Deel vun engem wichtege jiddesche Patrimoine an dëser Géigend, an deemno huet Ettelbréck och en eegene Judde-Kierfecht! Mëtt 2000 ass hei nach eng Persoun bäigesat ginn, ganz intensiv gëtt de Kierfecht zwar net genotzt, mä en ass awer wichtegen Zäitzeien!

AUDIO: Serie Kierfechter: Jiddesche Kiefecht - Rep. Monique Kater

1. Malakoff a Clausen (Video)

VIDEO: Serie Kierfechter: Malakoff a Clausen
Deel 1 vun der Tëlee: E Kierfecht aus enger anerer Zäit

A Clausen, verstoppt tëscht Fielsen a Beem, hannert héije Maueren, läit de Malakoff-Kierfecht, wou bis 1884 d'Judden hir Doudeg begruewen hunn.