Biekerech: Klimaneutral bis 20301,2 Millioune Liter Mazout agespuert

Pierre Weimerskirch
Biekerech well bis 2030 klimaneutral ginn. D'Gemeng am Weste vum Land ass zanter Jore Pionéier a Saache Klimaschutz.
Biekerech: Klimaneutral bis 2030
D'Gemeng am Weste vum Land ass zanter Jore Pionéier a Saache Klimaschutz.

Zanter 2005 huet Biekerech en eegent Fernwärmenetz. D'Hëtzt gëtt op enger zentraler Plaz produzéiert an iwwert e Waassercircuit an d'Haiser verdeelt. D'Biogasanlag leeft iwwert eng Kooperativ vu Baueren an déi kommunal Holzhackschnitzelanlag gëtt mat Holz aus der Regioun bedriwwen. D'Biomass, déi an der Regioun entsteet, gëtt deemno lokal genotzt. 1,2 Millioune Liter Mazout géif een esou all Joer aspueren.

D'Photovoltaik gouf an de leschte Jore massiv ausgebaut. Hei géif et weidert Potential ginn, ma och d'Wandenergie wier e wichtege Facteur, esou den Thierry Lagoda, Buergermeeschter vu Biekerech.

De Wunnengsbau wier e weidere Pilier. D'Haiser missten esou gebaut ginn, datt se kaum Energie brauchen an et misst een et fäerdeg bréngen, déi Energie, déi gebraucht gëtt, regional ze produzéieren.

Back to Top
CIM LOGO