De Bongert “Altenhoven” zu Beetebuerg ass dee gréisste Bongert am Land. 1.200 Uebstbeem stinn hei. E läit an engem Naturschutzgebitt, dat viru 25 Joer ausgewise gouf. Dëse Site huet eng laang historesch Vergaangenheet, déi an d’Joer 1886 zréckgeet. De Christophe Hochard hëlt eis mat op eng Plaz, wou d’Biodiversitéit eng grouss a wichteg Roll spillt.