
De Chômage am Land loung Enn August bei 6,5%. 20.136 Leit waren Enn vum leschte Mount bei der ADEM ageschriwwen, iwwer 2.000 Leit méi wéi nach Enn August d'lescht Joer.
De Chômagetaux klëmmt dohier ëm 0,2 Prozentpunkten. D'Patronen hu 6.715 oppe Plazen um Aarbechtsamt registréiert, knapp 3% méi wéi virun 12 Méint.
